Chantieren / Stroossenaarbechten

Fenteng

Wéinst dem "Spendelaaf Fenteng 2024" sinn d'Rue Pierre Capesius, d'Rrue Pierre Weydert (tëscht den Haiser 8 - 30) an d'Rue Nicolas Mersch (tëschent den Haiser 32 - 48) e Mëttwoch, den 22. Mee 2024 a béid Richtungen vu 14 bis 16 Auer fir de Verkéier gespaart.

Hesper

Houwald

Ab e Freiden, de 24. Mee 2024, 22.00 Auer bis e Méinden de 27. Mee 2024, 05.00 Auer, ass de Rangwee (N40) ab der Kräizung mat der Rue des Scillas an Directioun Route de Thionville op enger Längt vun 100 Meter a béid Richtungen fir de Verkéier gespaart.

-----------------------------------------------------------------------------------

Folgend Mesure finn während deenen Aarbechte geholl:
AVL: Linn 24: Richtung Houwald, Peternelchen - Belair, Centre Hospitalier
Arrêt non desservis: Houwald, Ronnebësch Quai 2
Arrêt de remplacement: Houwald, Op der Stierzel Quai 1
AVL: Linn 28: Richtung Houwald, Op der Stierzel - Gare Rocade
AVL: Linn 29: Richtung Hesper, Cité um Schlass - Senningerberg, Charly's Statioun

Arrêts non desservis: Houwald, Op der Stierzel Quai 3 / Houwald, Ronnebësch Quai 2
Arrêts de remplacement: Houwald, Op der Stierzel Quai 1

RGTR: Linn 621:
Déi concernéiert Coursen fueren den Arrêt Houwald, Op der Stirzel Quai 1 an zwou Richtungen un.


Concernéiert Linnen:AVL 24, 28 & 29 / RGTR 302, 621, 801 & 802

-----------------------------------------------------------------------------------

Am Cader vum Reamenagement vun der Rue des Scillas an dem Rangwee, bleift d'Rue des Scillas fir de Verkéier op, dat am Sens unique (Rangwee - Cactus Howald).
D'Ëffnung vun der Strooss an déi aner Richtung gëtt mat Zäiten matgedeelt.

-----------------------------------------------------------------------------------

Ab Méindes, den 21. August 2023 ass bis op Weideres d'Rue des Scillas a Richtung Tunnel Rangwee fir de Verkéier gespaart (ausser Awunner a Fournisseuren) :

  • ab dem Rond-point bei der Kräizung mat der Rue de Gasperich (CR 231), an Directioun vun der Kräizung mam Rangwee, a béid Richtungen ;
  • ab der Kräizung mat der Rue des Bruyères, an Directioun vun der Kräizung mam Rangwee, a béid Richtungen.

(Plang vun der Déviatioun en annexe)
-----------------------------------------------------------------------------------

Adaptation vun den AVL-Linnen 5, 20, 28 a 29 ab dem 12. Mäerz 2023 bis op Weideres (Dokumenter hei ënnendrënner)
Linn D09:
D'Course D09-3671 gëtt ëm 5 Minutten beim Départ um Arrêt Howald -Bei der Kierch no vir geréckelt (7h20).
Linnen455, 456, 501, 655:
Déi concernéierten Bus-Coursen ginn ab dem CR231 iwwert d'Rue de Gasperich - CR159 – N3 – suite Itinéraire a vice-versa déviéiert. (annexe)
- Folgend Arrête gi net ugefuer: Houwald -Ronneboesch, -Moureschanz, -Rangwee, - Neufchâteau, -Jhangeli, -Am Houwaldsbierg, Bonnevoie -Lycee Bouneweg PE an Hesper – Wollefsmillen.
-  Ausnamswis ginn dës Arrêten ugefuer: Houwald –Op der Stirzel, Hesper –Um Schlass an –Sprëtzenhaus.

Linn 504:
Déi concernéiert Bus-Coursen aus Directioun Leideleng huelen d'Sortie N°1 vun der Autobunn a fueren via den C.R.231 direct op Gasperich/Cloche d’Or – suite normalen Itinéraire a vice-versa.
- D'Arrêten Houwald-Ronnebësch a –Moureschanz gi net ugefuer.

Détail vum Changement vum ëffentlechen Transport (lien vers mobiliteit.lu)