Actualité

Infos COVID-19 - services communaux

​Vu d' Evolutioun vum Virus COVID-19 zu Lëtzebuerg, huet d' Gemeng Hesper décidéiert eng Rei Mesuren a Recommandatiounen z 'applizéieren fir d' ëffentlech Gesondheet ze schützen.

Vum 17. März 12h00 un mecht d' Gemeng seng Dieren fir den Public zou.

 

Sämtlech Dokumenter (acte de naissance/décès/mariage, certificats de résidence, Vignette etc.) kënnen online op: https://www.hesperange.lu/fr/publications/formulaires-publications erofgeluede ginn an un déi concernéiert Servicer per Courrier, per fax oder per mail geschéckt ginn.

 

Fir folgend Servicer biede mer Iech e rendez-vous an onsem Populatiounsbüro unzefroen (Tél.: 36 08 08 2001, mail: population@hesperange.lu):

 

  • déclaration de décès
  • déclaration de naissance
  • déclaration de résidence
  • retrait + demande de carte d'identité ou de passeport (nëmmen an dréngenden Fäll wéi z.B. perte/vol/oder wann Äer Dokumenter ofgelaf sinn).

 

Fir d' Gestioun an d' Facturation vun de Gemengetaxen (Waasser, Poubellen, Kanalisatioun, etc...) a fir d' Bestellungen / d' Changementer vun Poubellen kënnt der onse Service Financier um 36 08 08 2004 / 2023 erreechen oder per mail op service.financier@hesperange.lu.

Am Fall vun techneschen Problemer op onsem ëffentleche Réseau wennt Iech weg un onsen Service des Régies um 36 08 08 999.

 

Wat d' chèques-service betrefft, biede mer Iech den Formular deen der geschéckt krut entweder:

 

​Administration Communale de Hesperange
Chèque-service-accueil
B.P. 10
L-5801 HESPERANGE.

ze schécken.

 

Fir all Froen kënnt der ons per Telefon um 36 08 08-1 oder per mail op info@hesperange.lu kontaktéieren.

 

All

  • ​kulturell
  • sozial
  • festlech
  • sportlech
  • rekreativ Aktivitéite ginn ofgesot.

 

Dat heescht:

  • Sportinfrastrukturen
  • Kulturzentren
  • d'Spillplazen

 

Merci fir Äert Versteesdemech. Bleift gesond!

De Schäfferot​


Communiqué