Centre civique Hesperange

De Projet

Am Cader vun der Réorganisatioun vum Campus scolaire vum Zentrum vun Hesper vun ASSAR UNIVERSUM ARCHITECTS, gouf d'Fro fir déi weider Notzung vun der Sportshal opkomm. Dëst ass d'Suite vum neie Gebai vun der Schoul, déi 2017 ageweit gouf souwéi vun de Containeren vun der fréierer Maison Relais.

De neie Centre Civique offréiert, niergt den onverzichtbare Parkplazen an enger attraktiver multifonktionneller Hal, en aluedende Foyer mat Comptoir, Téikichen an Stock, e Vestiaire, e Büro fir de Portier vum Campus souwéi 2 Réuniounssäll. Den Hall, Foyer an d'Réuniounssäll si onofhängeg. Op dës Weis kënne mir déi verschidde Klibb a Veräiner am Centre Civique ënnerstëtzen.

Dës Weideren fanne mir am Rez-de-chaussée eng Behënnerten-Toiletten souwéi e Lift bis op Parking ënnert dem Centre Civique mat 34 Parkplazen.

 

En accord avec l’environnement

Dee neie Centre huet och am Beräich vun der Energie-Effizienz vill ze bidden.
Nierft de natierlechen an erneierbare Baumaterialien huet d'Gebai e System vu Buedem- a Plafongsheizung vu ekonomescher an ecologescher Qualitéit, e Lüftungssystem an e Photovoltaiksystem um Daach. Dat ganzt Gebai ass natierlech och rollstullgerecht adaptéiert, technesch a sécherheetstechnesch un der Spëtzt vun der Norm.