Service vun den "agents municipaux / gardes-champêtres"

Plaatz Art & Culture

Service des agents municipaux / gardes-champêtres - CELO 2e étage

476, route de Thionville
L-5886 Hesperange

De Service « agents municipaux/gardes-champêtres » (AMGCH) vun der Gemeng Hesper gouf am Joer 2002 agefouert. Zu dësem Zäitpunkt hat d'Gemeng 10.500 Awunner.
En éischten Agent municipal/garde-champêtre gouf mam Nicolas Thill genannt.

Nodeems hie vun 1992 bis 2002 beim Service Parking vun der Stad Lëtzebuerg geschafft huet, gouf him sengerzäit d'Aufgab iwwerdroen, dësen Service anzeriichten an auszebauen.

Säitdeem huet d'Gemeng vill évoluéiert.

 

De Parking résidentiel pouf agefouert an am Laf vun de Joren entspriechend den Intérêten a Besoins vun den Awunner ugepasst. Haut zielt d'Gemeng iwwer 16.000 Awunner, op 5 Uertschaften opgedeelt: Alzeng, Fenteng, Hesper, Houwald an Izeg.

 

De Service vun den Agents municipaux/gardes-champêtres zielt hautesdags 9 Fonctionnairen an verfügt iwwert 2 Autoen an 3 Scooteren. D'Interventiounen fannen bei deenen verschiddenen Manifestatiounen souwuel ze Fouss wéi och mam Vëlo statt.

 

Wärend hieren alldeegleche Missiounen, verriichten hier Aarbecht am Intérêt vum Awunner an am Respekt vun de gültegen Virschrëften. All Dag sinn se mat verschiddene Situatiounen confrontéiert, Situatiounen déi se an de Grëff kréie mussen. Dobäi weisen se oft Empathie, Toleranz an Flexibilitéit.

 

Wat sinn d'Haaptmissiounen vun den Agents municipaux/gardes-champêtres?

Missiounen vun den Agents municipaux

  • Duerchsetzen vum Code de la Route beim hale bleiwen, stoe bleiwen oder parken
  • Feststellung vu Verstéiss a Ausstellen vu Protekoller, ënner anerem bei:
    • Net-Anhalen vun de gëltende Virschrëften beim Stationnement résidentiel, Zonen mat Parkscheif a Zones payantes
    • Netbeuechtung vun de Schëlter fir Parkverbuet an/oder Hale bleiwen
    • Benotzen vun de Handicapéierte-Parkplazen
    • Benotzung vun de Liwwerzonen
    • Parken/Hale bleiwen op Deeler vun den ëffentleche Stroossen, déi fir Foussgänger oder aneren Benotzer virgesi sinn, wéi z.B. Trottoiren, Zebrasträifen, Busarrêten oder Busspueren 
  • Schoulposten fir d'Oprechterhalung vun der Uerdnung a fir d'Gewährleeschtung vun der Sécherheet vun de Kanner am Ëmkrees vun de Schoulen. Feste Schoulposten virun der Schoul zu Hesper ass de Jean-Marie Kalmes.
  • Organisatioun vu préventiv a répressiv Campagnen bei de Schoulen, fir d'Elteren vun de Schüler ze sensibiliséieren an ze responsabiliséieren.
  • Regelméissege Service wärend de Weekender a Permanencen méi spéit am Dag an der Woch.

Missions des gardes-champêtres

  • D'Agenten, an der Qualitéit als Agent de police judiciaire (APJ), suergen fir Rou an Uerdnung gemäß den Artikelen vum Réglement Général de Police vun der Gemeng Hesper
  • Sanctionnéiern all Infractioun duerch d'Erstellen vun engem Protekoll
  • Gewährleeschtung vun der Sécherheet a Commoditéit vum Passage op de Stroossen, Plazen an ëffentlech Weeër
  • Gewährleeschtung vun der Rou an der ëffentlecher Uerdnung
  • Kontroll vun de Parken, ëffentlech Gäert, Fräizäit-Anlagen, Spillplazen, Feldweeër a Bëscher
    • ënner anerem duerch préventiv Moossnahmen am Cader vun eventuellem Vandalismus oder der Entsuergung vun Haushaltsoffäll oder anere net-autoriséierten Offäll
  • Veiller au respect de la tenue des chiens et dispositions générales sur les animaux
  • Kontroll a Betreiung vun Hënn vun der Strooss
  • Kontroll vum Anhalen vun de Prozeduren op de Chantieren, conform mam Règlement des bâtisses
  • Interlocuteuren tëschent den Bierger an de Gemengenautoritéiten
  • De Bierger nolauschteren an hinnen e Gefill vu Sécherheet vermëttelen
  • Enk Zesummenaarbecht mat der lokaler Police, dem Corps grand-ducal d’incendie et de secours (CGDIS) an dem Jugendhaus

 

Nos contacts

Nico THILL
Chef du service agents municipaux/gardes champêtres
Vincent KIEFFER
Agent municipal/Garde champêtre
Giovanna CARONE
Agent municipal/Garde champêtre
Rudy DIAS SANTOS
Agent municipal/Garde champêtre
Filipe PEREIRA GOMES
Agent municipal/Garde champêtre
Steve ACKELS
Agent municipal/Garde champêtre
Steve GLODT
Agent municipal/Garde champêtre
Stéphane VANTARD
Agent municipal/Garde champêtre
Jeff DIZ RODRIGUES
Agent municipal/Garde champêtre
Kontakt
Service des agents municipaux / gardes-champêtres - CELO 2e étage
476, route de Thionville
L-5886 Hesperange