CHARGY zu Hesper!

D'Chargy-Bornen si lo just um Territoire vun der Gemeng opgetaucht - d'Dieren zur Elektromobilitéit ginn also op fir Iech. Am Joer 2020 wäert de Chargy-Réseau 800 ëffentlech Bornen zielen, d.h. 1.600 Luedestatiounen fir Elektro-Autoen an Hybrid Plug-In Autoen zu Lëtzebuerg ëmfaassen.
 

Die wëllt Client ginn a vum Chargy-Réseau profitéieren ?

Näischt méi einfach wéi dat: Fir Ären elektreschen oder Plug-In Hybrid - Auto op de Chargy-Bornen opzelueden, musst Dir e Contract mat engem "fournisseur de service de charge" zu Lëtzebuerg ofschléissen.

BLUEenergy.lu / Blue Corner / Edissertio / Eida S.A. / Electris / Enovos Luxembourg S.A. / PlugSurfing GmbH / Pluxx Holding S.A. / Sudstroum

Profitéiert vun der Platform MyChargy

Äre Contract gëtt Iech och Zougang zu der Plateform MyChargy déi folgende Fonctionalitéiten proposéiert:

  • interaktiv Kaart vum Réseau mat alle Bornen mat Status-Indicatioun (fräi, besat, hors service) ;
  • Online-Réservatioun vun enger Borne de charge (max. 2 gläichzäiteg Réservationen) ;
  • Berechnung vum Trajet a Navigatioun bei déi ausgewielte Borne ;
  • Benoorichtegung wann äert Gefier opgelueden ass ;
  • Consultatioun vun ärem elektresche Verbrauch ;
  • Eroflueden vun alle nëtzlechen Informatiounen fir d'Gestioun.