Parking résidentiel

“Parking résidentiel” an allen Uertschafte vun der Gemeng Hesper mat der HE – Vignette, mat Ausnam vun der Aktivitéitszon Houwald, Secteur ZA.
De Parking fir Gefierer ouni Vignette ass limitéiert op 2 oder 5 Stonnen, entweeder mat engem Disque oder engem Ticket,  wéi et op den Zonen- oder Parkschëlder uginn ass.

Wou a wéi laang kënnt Dir parken?

[Translate to Lëtzebuergesch:] map showing different parking zones in hesperange

Zousätzlech zu aner Aschränkungen (Parkplaz oder Ticket), ass déi maximal Parkzäit op 24 Stonne limitéiert. Datselwecht gëllt fir Autoe mat enger “vignette de stationnement résidentiel”.

Dës Bestëmmung gëtt ergänzt duerch d'Verflichtung vun de Gemengeresponsabelen, all Ännerunge vum Verkéiersreglement kuerzfristeg  24 Stonnen am Viraus duerch d’Opstelle vu engem Schëld unzeginn. Dat ass zum Beispill de Fall bei Stroossen- an Infrastrukturaarbechten esou wéi beim Plënneren.

Dëst soll verhënneren, datt Ären Auto ofgeschleeft gëtt, wat Iech net nëmmen Ierger verursaache géif, awer och bedeitend Käschte géif generéieren.

Fir eng länger Absence (Vakanz, ...) rode mir Iech, Ären Auto op engem private Parking ze parken.

Mat enger Vignette ass, jee no Schëld, déi maximal Parkzäit 24 Stonnen.

Ouni Vignette musst dir op d'Indikatiounen op de Schëlder oppassen.

D’Stationéiere vu Camionnetten ass an de meeschte Quartiere verbueden (mat Schëlder uginn) vu méindes bis freides, tëscht 18.00 a 7.00 Auer. D’Parken ass komplett verbuede wärend dem Weekend.

Beim Bauen, Renovéieren oder Plënnere muss mindestens 8 Deeg am Viraus eng Demande bei der Gemeng agereecht ginn, fir datt d'Reglementer kënnen a Kraaft trieden.

Bezuelte Parking

All d’Leit, ausser d’Awunner mat der HE-Vignette, mussen an de folgende Stroossen um Houwald fir d’ Parke bezuelen: avenue Berchem, rue General Patton, rue du Couvent, rue Belle-vue, rue de la Redoute, rue Jos Felten, Cité des Rosiers , rue Ferdinand Kuhn, rue Marie Astrid, rue Ed. Oster, rue Eug. Welter, rue de l'Ecole, Place de l'Indépendance, rue du 9 Mai 1944, rue August Scholer, rue Victor Beck, rue Neil Armstrong, Allée Drosbach.

Itinéraire
Kontakt
[Translate to Lëtzebuergesch:] Service des agents municipaux / gardes-champêtres
476, route de Thionville
L-5886 Hesperange