Hesper Nightcard

D'Nightcard ass en Transportticket fir Bierger aus der Gemeng Hesper. D'Awunner kënnen d’Kaart  zu engem vun der Gemeng festgeluechte Präis kafen, fir den Night Rider gratis oder zu engem reduzéierte Präis ze benotzen.

Wie kann eng Night Card kafen ?

Alleguerten d'Awunner vun der Gemeng Hesper bis 26 Joer (inclus) kënnen d'Night Card fir de Präis vu 40 € / Joer kafen. Erwuessener ab 27 Joer zum Präis vun 80 €/Joer.

Wat kascht den Transfert mat der Night Card vun der Gemeng Hesper ?

D'Gemeng iwwerhëllt d'Fraisen vum Transfert fir d'Clienten déi am Besëtz vun enger Night Card Hesper sinn, bis 25 €, ënnert der Conditioun datt den Départ oder d'Destinatioun um Territoire vun der Gemeng Hesper* leien. D'Beträg déi d'Limit vu 25 € iwwerschreiden, gi vun der Gemeng de Clienten verrechent.

* Alzeng, Fenteng, Hesper, Houwald, Izeg

Wéi réservéiert een en Trajet mat der Night Card ?

Fir de Night Rider gratis ze notzen, gidd de Code vun Ärer Night Card an d'Case "Night Card" vum Réservatiouns-Formulaire an (z.B "HESP12345", dëse Code befënnt sech op der Récksäit vun der Kaart).
Wa méi Persounen dee selwechten Trajet réservéieren, gëtt dee vun de Night Card Besëtzer ze bezuelende Betrag bei der Réservatioun automatesch vum globale Prais ofgerechent.

Itinéraire
Dokumenter

NIGHT RIDER_Déclaration 2024

172 KB 08.01.2024

NIGHT RIDER_Talon-Réponse 2024 (adultes)

59 KB 08.01.2024

NIGHT RIDER_Talon-Réponse 2024 (jeunes)

58 KB 08.01.2024
Kontakt
[Translate to Lëtzebuergesch:] Service relations publiques
474,​ route de Thionville
L-5886 Hesper