De vel'OH!

Elektresch assistéiert Vëloen

4 elektresch assistéiert Vëlosstatiounen, dorënner - 2 Statioune mat 20 “dispositif d’attache” mat 10 Vëloen an - 2 Statioune mat 15  “dispositif d’attache” mat 8 Vëloen, sinn an der Gemeng Hesper operationell.

Dës Statioune sinn identesch an austauschbar mat deene 85 Statioune mat 850 Vëloen, déi um Territoire vun der Stad Lëtzebuerg installéiert sinn.

Déi nei “bornes d’accueil” sinn direkt mat der neier Applikatioun vu Vel'oh verbonnen (fir iOS an Android verfüügbar). Dëst erlaabt et deBenotzer, d'Disponibilitéit vu de Statiounen ze kennen, hire Kont ze konsultéieren oder fir aner Statiounen an der Géigend ze sichen.

Autonomie : 30 à 40 km

Poids des vélos à assistance électrique = 28,6 kg

3 changements de vitesse

Wat fir eng Formule eraussichen?

D'Formulen Abonnement  
1 Dag 3 Deeg 1 Joer  
Käschten vum Abonnement 2 € 5 € 18 €  
1. hallef Stonn gratis gratis gratis  
Zousätzlech Stonn 1 € 1 € 1 €  
Maximum vu 5 € fir 24h 5 € 5 € 5 €  

Fonctionnement de l’assistance électrique

D’Assistance funktionnéiert a 4 Phasen :

  1. Beim Départ ass d'Assistance net aktivéiert bis soulaang dat vum Benotzer geliwwert Dréimoment net erreecht ass.
  2. Sou bal dëse Wäert bei klenger Vitesse erreecht ass, gëtt de Motor aktivéiert a gläicht dem maximal méiglechen Dréimoment, sou datt dem Benotzer e liicht Accéléréier-Gefill vermëttelt gëtt an de Benotzer versteet, datt d'elektresch Ënnerstëtzung aktiv ass.
  3. Doriwwer eraus ass déi vum Motor geliwwert Leeschtung eng linear Reaktioun op déi vum Benotzer geliwwert Leeschtung.
  4. D'Ënnerstëtzung geet erof wat ee méi no un d'Maximalvitesse (25 km/h) an/oder un déi mëttel Héchstleeschtung (250 W) erukënnt.
    D'Maximalvitesse mat Ënnerstëtzung läit also bei 25 km/h.

Équipement

D'Veloë verfügen iwwert all konform Equipement, déi dem lëtzebuergeschen Code de la Route entspriechen, wéi d'Bellichtung an d'Réckstrahler.

Multifunktionale Guidon

  • e Liesgerät, mat dem de Benotzer mat enger kontaktloser Kaart de Vëlo ouni mussen beim Terminal ze sinn, fräi kënnen ze ginn.
  • Echtzäit-Informatiounen iwwert de Luedezoustand vun der Batterie 

USB-Prise

USB-Chargeur dat dem Benotzer erméiglecht, säi Smartphone während dem Fueren opzelueden

Stations Vel'OH