Pass ufroen oder erneieren

De Pass ass en Identifikatiounsdokument fir ze reesen.

En ass obligatoresch fir Länner, déi et verlaangen (Länner, ausserhalb vum Europäesche Wirtschaftsraum).

Konditioune fir e Pass ze kréien

Dir braucht folgend Dokumenter:

  • en Titre d’Identité;
  • den ale Pass (wann en existéiert), oder, wann e verluer oder geklaut ginn ass, d'Deklaratioun vun der Police;
  • d’Quittung (Original oder Kopie), dass d’Tax bezuelt ginn ass; 
  • eventuell d'Foto  vun engem professionelle Fotograf konform zu den Normë vun der “organisation de l’aviation civile internationale (OACI)”.

D’Päss solle perséinlech ofgeholl ginn.

Liwwerzäit

D' Liwwerzäiten fir e Pass sinn:

  • 7 Aarbechtsdeeg no dem Areeche vun der Demande fir déi sougenannt klassesch Prozedur;
  • 3 Aarbechtsdeeg fir d'Drénglechkeetsprozedur.

    Tariffer & Bezuelungen

    Bezuele kann ee folgendermoossen:

    • online iwwer MyGuichet.lu;
    • direkt mat Kreditkaart um Passbüro;
    • duerch Bezuelung oder Iwwerweisung op de Lëtzebuerger Postscheckkonto IBAN LU 46 1111 1298 0014 0000 (CCPLLULL).

    De Betrag deen ze bezuelen ass:

    • Fir 5 Joer :
      • 50 Euro am Fall vun enger sougenannter klassescher Prozedur;
      • 150 Euro  am Fall vun enger sougenanntener Drénglechkeetsprozedur. 
    • Fir 2 Joer (nëmme fir Kanner ënner 4 Joer):
      • 30 Euro am Fall vun enger sougenannter klassescher Prozedur;
      • 90 Euro am Fall vun enger sougenannter Drénglechkeetsprozedur.

    Bezuelt soll ginn:

    • fréistens 6 Méint virun der Demande;
    • spéitstens zum Zäitpunkt vun der Demande per Virement un de Passbüro.
    Itinéraire
    Kontakt
    [Translate to Lëtzebuergesch:] Bureau de la population
    474,​ route de Thionville
    L-5886 Hesper