D'Gemeng Hesper baut an Zesummenaarbecht mat der SNHBM (Société Nationale des Habitations à Bon Marché S.A.) 6 subventionnéiert Logementer (jumeléiert Haiser) um Holleschbierg, rue du Stade 2000.
D'Gebaier sinn als einfach a kompakt Raim mat Keller iwwert déi gesamt Fläch ausgeluegt, fir déi fir d'Technik erfuerderlech Plaz ze garantéieren ouni datt bewunnbare Raum verluer geet. Duerch déi süd-östlech Orientatioun Gaarde-Säi loosse sech grouss Fënster fir d'Wunnraim ariichten.