Déi nei Sportshal

Déi nei Sportshal besteet aus enger Dräier-Sportshal, enger Dëschtennis-Hal, engem Klotertuerm, Tribünen, Vestiairen, enger Buvette, dräi Réuniounssäll, engem Régies-Lokal, Dépôten an engem grousse Materialsdépôt am Sous-Sol mat direktem Accès vu baussen.

D'Opdeelung

Déi dräifach Sportshal, mat den Dimensiounen vu 45 x 32 m, ass an dräi resp. zwou Sectiounen fir de Senior Championnat vum Bastket deelbar. Déi iewescht Tribünen passen 234 Spectateuren.

D'Hal vum Dëschtennis mat den Dimensiounen vu 25,50 x 21,6 m kann an 12 Trainingsterrainen opgedeelt ginn, wéi och méi Compétitiounsterrainen. 
E wäert mat Teleskop-Tribünen ausgestatt ginn, mat Plaz fir 117 Spectateuren.

De Klotertuerm, mat den Dimensiounen vu 7,88 x 6,58 m, wäert eng Héicht vun 12,20m hunn.