De Kontext

Am Cader vun der neier Zone résidentielle «Rothweit II» zu Alzeng, gëtt e neit Schoulgebai an eng nei Maison Relais fir d'Cyclen 2 bis 4 gebaut.

 

Struktur-Konzept vum Gebai

Accès bei d'Gebai
D'Haaptentrée ass a Richtung "Rue de Hesperange" an op d'Plaz virun der Schoul orientéiert. Parkplazen, "Kiss-and-go"- Parking a Stellplazen fir Veloën sinn op der Plaz virgesinn.
Eng zweet Entrée befënnt sech op der anerer Säit vum Terrain, an der "Rue Pierre Flammang". Dobäi handelt sech ëm eng Méiglechkeet fir en Arrêt fir Schoulbussen.
Den Terrain huet en Héienënnerscheed tëscht West an Ost vun ongeféier 1 Meter tëscht deenen zwou Entréeën, den Ausgläich vum Niveau tëscht dësen zwou Entréeën ass mat Hëllef vun enger Ramp um Rez-de-chaussée am Gebai geléist.