Allokatiounen

Allocation pour l’avenir des enfants

D'Allokatioun kritt ee vum Mount vun der Gebuert u bis zum Alter vun 18 Joer.

D'Allocatioun kritt een net méi wann d’Kand 18 Joer kritt, ausser et studéiert weider.

Allocation de rentrée scolaire

D’ ”allocation de rentrée scolaire” ass festgeluecht op 115 Euro fir e Kand iwwer 6 Joer an 235 Euro fir e Kand iwwer 12 Joer. Si gëtt automatesch am August bezuelt. Et muss keng Demande gemaach ginn.

Kanner, déi an den 2. Zyklus vun der Grondschoul (fréier: 1. Schouljoer, Primärschoul) opgeholl ginn an déi beim Ufank vum Schouljoer nach net sechs Joer al sinn, kréien eng “allocation de rentrée scolaire”  wann e Schoulzertifikat virgewise ka ginn.

D'Allokatioun hält op a gëtt net méi wärend dem Kalennerjoer ausbezuelt, wann d’Studien ofgeschloss sinn.

Allocation de naissance

D’ ”allocation de naissance” besteet aus dräi Tranchen:

  • “allocation prénatale”;
  • “allocation de naissance”;
  • “allocation postnatale”.

D’ ”allocation de naissance” gëtt op Ufro an dräi Tranche vun jeeweils 580,03 Euro bezuelt.

Si kann net kombinéiert gi mat enger “prime de naissance” déi an deem Land bezuelt gëtt wou Dir wunnt. Dir kënnt net äert Land auswiele wou Dir bezuelt wëllt ginn. Wann Dir eng “prime de naissance” kritt, dann hutt Dir kee Supplement zegutt  par rapport zu den 3 Tranchë vun der Lëtzebuerger “allocation de naissance”.

Allocation prénatale

Konditioune fir d’ “allocation prénatale” ze kréien:

  • D'Mamm muss mindestens 5 medezinesch Untersuchungen an 1 Zännuntersuchung maachen (Formulairë vun den Dokteren ausfëlle loossen). De Formulaire kritt Dir am Prinzip vun Ärem Gynekolog. Wann net, da kënnt Dir en downloaden; 
  • d'Mamm muss hir legal Residenz zu Lëtzebuerg hunn oder si muss selwer beim Centre commun de la sécurité sociale zum Zäitpunkt vun der leschter medezinescher Untersuchung, déi hei virgesinn ass, affiliéiert sinn.

Bei der 1. Visitt:

  • De Gynekolog fëllt bei all Visitt de Formulaire mat engem Stempel an enger Ënnerschrëft aus;
  • den Zänndokter setzt de Stempel a seng Ënnerschrëft op dee selwechte Formulaire;
  • wann de Formulaire vum Zänndokter a vum Gynekolog ausgefëllt ass (wärend der leschter prenataler Visitt), muss en un d'CAE zréckgeschéckt ginn. Net-Residentë mussen dat mat engem “certificat de composition de ménage” beleeën.

Allocation postnatale

Konditioune fir d’“allocation postnatale” ze kréien:   

  • D'Kand muss bis zum Alter vun zwee Joer 6 Mol medezinesch ënnersicht ginn;
  • d’Ënnersichunge mussen duerchgefouert gi vun engem Pediater, Internist oder Generalist. (Notiz: net vun enger Hiewamm oder Infirmière!);
  • d'Kand muss vun der Gebuert u bis zum Alter vun zwee Joer kontinuéierlech zu Lëtzebuerg opgewuess sinn oder ee vu sengen Eltere muss zu Lëtzebuerg schaffen an et muss vu senger Gebuert u bis zum Alter vun 2 Joer am  “centre commun de la sécurité sociale” ugemellt sinn;
  • d'Konditioun, datt d'Kand vun der Gebuert u kontinuéierlech zu Lëtzebuerg opgewuess muss sinn, ass net erfuerdert, wann et e Kand ass, dat am Ausland gebuer ass a vun enger Persoun, déi zu Lëtzebuerg wunnt, adoptéiert gouf. An dësem Fall ginn déi medezinesch Ënnersichungen, déi am Ausland virun der Arrivée vum Kand zu Lëtzebuerg sollte gemaach ginn, ugeholl, wann déi spéider Ënnersichunge bannent der virgeschriwwener Zäitlimitt gemaach ginn.

No der Gebuert a bis d'Kand 2 Joer al ass

  • Am Prinzip kritt d’ Mamm no der Gebuert sou ee Formulaire, entweeder an der Maternité oder am Spidol, wou d'Kand gebuer gouf, oder vum “officier de l’état civil” bei der Deklaratioun vun der Gebuert. Wann d’Kand am Ausland gebuer gouf kann de Formulaire per Telefon ugefrot ginn.

Wann de Formulaire vum Dokter ausgefëllt ass, muss dësen un d'CAE geschéckt ginn. Net-Awunner mussen en “certificat de résidence” dobäi leeën.