Congé parental

De “congé parental” soll d’Conciliatioun tëschent Familljeliewen a Beruffsliewe favoriséieren. E gouf 2016 reforméiert, fir datt d'Elteren tëschent flexibele Congésmodeller kënne wielen, déi un hir berufflech Situatioun ugepasst sinn, wärend se vun engem Ersatzakommes profitéieren.

Verschidde Modeller

Verschidde Modeller vum Congé parental stinn Iech zur Verfügung, ofhängeg vun der Unzuel u Stonnen, déi op Ärem Aarbechtskontrakt steet, dee Moment wou Dir Äre Patron iwwert de Congé parental informéiert.

Dir schafft 40 Stonnen d'Woch. Dir kënnt aus de folgende Modeller wielen:

  • E Vollzäitcongé vu 4 oder 6 Méint;
  • en Deelzäitcongé vun 8 oder 12 Méint;
  • en “fractionnéierten” Congé vu 4 Méint fir maximal 20 Méint;
  • en “fractionnéierten” Congé  vun engem Dag pro Woch fir maximal 20 Méint.

Dir schafft 20 Stonnen oder méi pro Woch. Dir kënnt aus de folgende Modeller wielen:

  • E Vollzäitcongé vu 4 oder 6 Méint;
  • en Deelzäitcongé vun 8 oder 12 Méint.

Dir schafft 10 Stonnen oder méi pro Woch. Dir kënnt nëmmen de folgende Modell ufroen:

  • e Vollzäitcongé vu 4 oder 6 Méint.

Dir hutt e Léierkontrakt. Dir kënnt nëmmen de folgende Modell ufroen:

  • e Vollzäitcongé vu 4 oder 6 Méint.