Schäfferotserklärung
“De Bierger gutt informéieren”. Ënnert dësem Motto wëlle mir eis Matbierger nach besser iwwer alles Wëssenswäertes an eiser Gemeng informéieren. Mat Hëllef vun enger Informatiounsplattform wëlle mir eis Bierger méi séier a méi am Detail iwwer alles informéieren, wat eis Associatioune betrefft.
Mä et ass och wichteg fir eis, an eise Mataarbechter ze investéieren. Dat ass deen eenzege Wee fir d'Basis fir déi néideg Motivatioun an Zesummenaarbecht vun der Aarbechtskraaft ze schafen. An deem Sënn gi weider Formatiounen a sougenannte “coachings” gefërdert an ënnerstëtzt.
Eisen Alldag gëtt ëmmer méi stresseg. Dëse Stressfaktor huet Potential fir Konflikter. Mat Hëllef vun engem Médiateur, solle kleng Streidereie geléist ginn.
Wéi an der Vergaangenheet wäert de Schäfferot och an Zukunft d' Finanzplanung net dem Zoufall iwwerloossen. “D’comptabilité analytique” garantéiert e präzisen Iwwerbléck iwwer d' Ausgaben.
E Multi-Joren-Finanzplang erlaabt eng besser Kontroll vun den Investitiounsausgaben iwwert eng méi laang Zäit.
D' Gemengentaxe wäerte weiderhin engem Käschten-Erhuelungsprinzip ënnerleien.
Bei der Ausféierung vun alle kommunale Projete wäert de Schäfferot besonnesch op déi staatlech Hëllefen, déi ons zoustinn, oppassen an se notzen.
D‘ZAC Houwald huet en enormt Weiderentwécklungspotenzial. Hei entsteet an den nächste Joren eng Mëschung aus Appartementer, Büroen, Geschäftsraim, Hotellen, Restauranten, Servicer a Fräizäitaktivitéiten.
Mir wëlle fir kleng a mëttelgrouss Betriber, wéi och fir jonk Start-up Betriber, de Wee an eng erfollegräich Zukunft méi einfach maachen andeems mer hinnen nei Raimlechkeete kënnen ubidden.
D’ Uertschaften Alzeng an Houwald wäerten an den nächste Jore weider staark wuessen. De Schäfferot wäert sech an den nächste Jore fir déi bescht méiglech Kannerbetreiung asetzen. D' Ariichtunge mussen op d' Bedierfnesser vum Kand ugepasst ginn. Dezentraliséiert a méi kleng Strukture si meeschtens dofir gëeegent. Si si méi iwwersiichtlech, d' Betreiung ass individuell, d' Kanner si méi zouverlässeg geschützt an hu méi kuerz Distanzen zréckzeleeën. Souwuel d' Sécherheet an eise Schoulgebaier wéi och hir Ariichtungen hunn ëmmer Haaptprioritéit.
Mam Neibau vun der Schoul an der Maison Relais zu Alzeng kritt Alzeng an Zukunft och eng eege Schoul mat Maison Relais fir Kanner vum C2 bis den C4.
Um Houwald gëtt och de Schoul- a Betreiungskomplex an der Rue du Couvent ausgebaut. Mëttelfristeg kann, jee no Ufuerderungen, och de Schoulkomplex Houwald Plateau ausgebaut ginn.
Mir beméien eis weider fir Parzellen, déi un d’Schoul zu Fenteng ugrenzen, ze kréien an esou sécherzestellen, datt d’Schoul mat Betreiungsméiglechkeete fir Kanner ausgebaut gëtt.
Mam Bau vum Centre Civique gëtt en neit multifunktionellt Gebai opgeriicht. An Zukunft kënnen d' Schoulklassen hir Sportscoursen an dëser neier Hal ofhalen.
D’Notzung vu Fairtrade-, Bio- a lokale Produkter gëtt an eise Kantinnen weider gefërdert. Géint d’Liewensmëttelverschwendung gëtt och an Zukunft virgaang.
D’Educatiounskonzept Mini Hesper,dat an der Schoulvakanz ugebuede gëtt, wäert nees zu Hesper stattfannen an no der Fäerdegstellung vun den Aarbechten um Schoulkomplex nei opliewe gelooss ginn.
De Schäfferot wäert sech an den nächste Jore beméien, d’ Sozialservicer weider auszebauen.
Mam Projet Reebou wëlle mir eng kollektiv Aktioun am Intérêt vun alle Bierger fërderen. Dëst soll eng spontan Noperschaftshëllef tëscht den Awunner vun engem Duerf op Gemengenniveau fërderen an d’ Kohesioun an d’ Solidaritéit tëscht de Matbierger stäerken. Fir datt jiddereen op seng Käschte kënnt, gëtt dës inklusiv an integratiounsfërderend Initiativ awer mat sougenannte Smileys, engem fiktive Bezuelmëttel, gereegelt.
Och am Alter wëllt Dir an Ärem gewinnten Heem bleiwen an, wann néideg, versuergt ginn. D'Servicer Meals on Wheels an Téléalarme si an deem Sënn ganz wäertvoll Servicer a wäerte weider ënnerstëtzt ginn.
Mir denken awer och un nei Forme vu Wunnenge fir déi eeler Leit.
Mir wëllen an den nächste Joren an eiser Gemeng e Projet Assistance Living fir eeler Leit maachen. Dëse Projet kéint an engem neien Deelbebauungsplang ëmgesat ginn. Besonnesch wichteg ass fir eis de soziale Mix an d’intergenerationaalt Liewen.
D' Leit ginn ëmmer méi al a sinn dofir op Fleeg ugewisen. Aus deem Grond soll de CIPA um Houwald mat engem Fleegeheem erweidert ginn.
D’ Gemeng Hesper setzt sech zanter Jore fir eng sozial Aktioun an. An der vergaangener Legislaturperiod si méi wéi 20 nei sozial Mietwunnengen Wunnenge fir ze loune geschaaft ginn.
An den nächste Jore wëlle mir dës scho bedeitend Offer weiderféieren an zousätzlech Sozialwunnenge plangen.
Mat Hëllef vu sozialen, intergenerationellen an integrative Wunnhaiser wëlle mir och nei Wunnformen, wéi dem “Kooperative Wunnengsbau”, d’ Méiglechkeet ginn, sech z’ entwéckelen.
Vum nächste Joer un huet eisen “ office social” eng nei Adress am moderne Multifunktiounsgebai, dem CELO. Den “office social” mécht eng exzellent Aarbecht a wäert weiderhin an all sengen Efforte vum Schäfferot ënnerstëtzt ginn.
De CIGL Hesper ass en onverzichtbaren Deel vum Alldag ginn a bitt eelere Leit wäertvoll Hëllef bei méi klenger Handaarbecht, Gaardenaarbecht a beim Schnéischëppen. De CIGL ass zënter e puer Méint op enger neier Adress zu Alzeng. Aner sozial Institutioune kéinten och duerch d' Struktur vum CIGL geschaf ginn. De CIGL hëlleft dem “demandeur d’emploi” d’ Sich no enger Aarbechtsplaz ze vereinfachen.
De Schäfferot beméit sech zanter Joeren, d’ Integratioun vun den auslännesche Bierger ze verbesseren. Verschidde Flüchtlingshaiser an eiser Gemeng bidden en neit Heem fir déi Leit, déi aus Krichs- oder Krisegebidder kommen.
Et ass wichteg, all eisen neie Matbierger eis Traditiounen, Wäerter, Kultur a Sprooch méi nozebréngen. An deem Sënn organiséiert d’ Gemeng säit Joeren Lëtzebuergesch Sproochecoursen. Wat d’praktesch Ëmsetzung vun eiser Sprooch ugeet, wäerte mir ëmmer méi op sougenannte Sproochecoaches setzen, an dat op fräiwëlleger Basis.
Déi kommunal Integratiounskommissioun,(oder: D’Gemengenintegratiounskommissioun) déi fir d’ “Fête de l’Amitié” an aner Manifestatiounen zoustänneg ass, soll an den nächste Joren nach méi Verantwortung iwwerhuelen.
Besonnesch wichteg fir de Schäfferot ass den Naturschutz. D' Renaturéiere vu verschiddene Waasserleefer an hir qualitativ Verbesserung gëtt an Zukunft weidergefouert. Ausserdeem ass de Schutz vun Insekten, Villercher a Planzen eng Haaptprioritéit.
Mir setzen ons a fir eng lokal Biodiversitéit ze fërderen, wat d' Verdränge vun invasiven Aarten mat aschléisst. Eng wichteg Roll spillen an dësem Kontext d’ Uplanzen vun einheimeschen Uebstbeem an d’ Uleeë vun ëffentleche Gäert. An deem Kontext ass eng funktionéierend Zesummenaarbecht tëscht Benotzer a Beroder fir d'Ëmsetzung vun de Moossnamen a fir déi beschtméiglech Léisung wesentlech. Déi nohalteg Gestioun vun eise Bëscher an hiren Ausbau, wéi och d' Fleeg an d' Gestaltung vun eiser Landschaft, si weider Bausteng, déi zur Produktioun vu qualitativ héichwäertegen Nationalprodukter bäidroen. D' Initiativ, fir all neigebuerent Kand ass e komplette Succès, an an Zukunft wäert sech näischt un dëser Campagne änneren.
De Schutz virun enger globaler Erwiermung ass wichteg. Mir wäerte weiderhin déi jeeweileg Brennpunkten am Ae behalen a mat den zoustännegen Autoritéiten ofschwätzen. Eis Gemeng ass a bleift Member vum Klimabündnis. D' Ziler fir d' Reduktioun vun den Zäregase si schonn an d' Konzept vum Klimapakt integréiert ginn.
Mir wëllen haaptsächlech fossil Brennstoffer duerch erneierbar Energien ersetzen. D’ Gemengeresponsabel solle weiderhin hirer Roll als Virbild gerecht ginn, andeems se sech asetzen, fir datt Solarenergie an Energieeffizienz kombinéiert ginn. Dozou gehéieren d' energetesch Sanéierung vu Gebaier, d’Erfaasse vum Energieverbrauch an d' Notzung vun den neisten Technologien.
Déi villfälteg Offer un Informatioun gëtt vum Klimapakt als exemplaresch klasséiert a gëtt weidergefouert. Dozou gehéieren d'”Oekonews”, de “Buet”, den Internet, d' Ausstellungen am Oekocenter an d’ Berodung um “myenergy “ Infopoint. Dozou gehéieren och ëffentlech Programmer souwéi den Ëmweltdag „EMIL, Ëmwelt-Mobilitéit-Interaktiv-Lokal“.
Den Öekocenter gëtt ëmmer méi benotzt. De Beräich Recycling gëtt duerch nei Moossnamen, wéi z.B. engem Second-Hand-Shop ausgebaut. D' Reduktioun vum Haushaltsoffall gëtt mam Programm "Rückkonsum" an de Wunnenge gefërdert. Dat kommunaalt Bautereglement soll deementspriechend ugepasst ginn. Mir wëllen de Finanzbudget vum Oekozenter duerch bessere Marketing optimiséieren.
Eist Drénkwaasser ass e wäertvolle Bien a soll weiderhin an der beschtméiglecher Qualitéit zur Verfügung gestallt ginn. Mir kréien e groussen Deel vun eisem eegenen Undeel aus der Quell "im Bichel" déi moderniséiert gëtt. Wat d’Ofwaasser ugeet, gëtt d’Kläranlag weider op dem leschte Stand gehalen an d’Iwwerschwemmungsbassenger vun de Kanalisatioune gi systematesch duerch Reewaasserbehälter ersat. Den Trennungssystem soll ausgebaut an nach méi erkennbar gemaach ginn.
Fir eis zousätzlech Schutz géint Iwwerschwemmungen ze bidden, ginn an den nächste Jore weider Baachen a Flëss sanéiert. Mir wäerten de Mäicher (Itzigerbaach) bis op Hesper amenagéieren.
Mir wäerten och dofir suergen, datt d’ Waasserqualitéit vun eise Baachen iwwerwaacht a verbessert gëtt.
Eng effizient Verkéierspolitik, eng qualitativ héichwäerteg an diversifiéiert ekologesch Mobilitéitsoffer, gekoppelt mat der Reduktioun vum Verkéier an eisen Uertschaften, si wichteg Efforte fir d’Liewensqualitéit vun den Awunner nohalteg a positiv ze beaflossen.
Als attraktiv Gemeng um Rand vun der Stad Lëtzebuerg ass Hesper ganz staarkem Duerchgangsverkéier ausgesat. Dëse wäert zwangsleefeg weider eropgoen, besonnesch duerch déi séier Entwécklung vum Ban de Gasperich. De geplangte Contournement, deen en direkten Uschloss tëscht dem ZAC Houwald an Alzeng soll schafen, wäert den Verkéier zu Hesper däitlech reduzéieren. Et ass also wichteg, dëse laange Projet virunzedreiwen an deen Tracé ze realiséieren, deen dee klengsten Aschnëtt an d’Natur huet.
D’ Realisatioun vum Contournement, de Réckbau vun der N3 (route de Thionville), d’ Grënnung vun engem Point d'Echange fir den ëffentlechen Transport an de Bau vun engem Shared Space am Zentrum vun Hesper op der Place Paul Jomé, si weider wichteg Schrëtt a Richtung Verbesserung vun der Mobilitéit an der Liewensqualitéit. Zousätzlech technesch a strukturell Moossname sollen dozou féieren, datt déi maximal zoulässeg Vitesse an eise Quartiere respektéiert gëtt.
Fir de Wiessel vum privaten op den ëffentlechen Transport ze favoriséieren, gëtt d' Offer weider ausgebaut an attraktiv gemaach. Déi nei "gare périphérique" um Houwald an de geplangten "pôle d'échange" zu Bouneweg ginn an den nächste Jore strategesch Verdeelungspunkte fir den ëffentlechen Transport. Den Uschloss un dës ganz wichteg Punkten, d’ Erhéijung vun der Frequenz vun de verschiddene Busstrecken an de Spëtzestonnen, d’ Anhale vun de gezeechente Fuerpläng an d’ Aféierung vun neie Busstrecken, z.B a Richtung Syrdall, sollen d’ Mobilitéitsoffer ëffentlech méi effizient maachen an den Ufuerderunge vun de Leit entspriechen. . D’Aféierung vu den elektronesche Pannoen op den RGTR-Busarrêten huet sech bewäert, a mir sëtzen eis derfir an, datt dës Offer vum Staat erweidert gëtt.
Mam City Bus kënnen déi jeeweileg Uertschaften an eiser Gemeng besser matenee vernetzt ginn. Donieft kann d' Verbindung mat existéierende Buslinnen oder Zuchlinne verbessert ginn. D' Offer vun e puer Busservicer (z.B. Late Night Bus, Flexibus, Fouerbus) gëtt bäibehalen an de Bedierfnesser no ugepasst.
Fir de Wiessel vum Auto op den Zuch méi einfach ze maachen, gëtt de Projet fir e P&R Eisebunnsarrêt zu Fenteng den zoustännegen Autoritéiten mat Drock ënnerbreet. De Wee, dee virun e puer Joer ageschloe ginn ass, fir d’ Promotioun vun der "mobilité douce" ze maachen, gëtt an Zukunft mat Nodrock weidergefouert . Fir de Locatiounssystem nach méi attraktiv a villsäiteg ze maachen, geet et drëm, zesumme mat eisen DICI Partnergemengen (Bartreng, Leideleng, Stad a Stroossen) en eenheetleche System anzeféieren. Dëst erlaabt de Gebrauch iwwer d' Gemengegrenzen eraus. D' Offer vun der Elektromobilitéit, zu deem den E-Car an den E-Bike gehéieren, gëtt an der Gemeng ausgebaut. D’Aféierung vun engem eenheetlechen elektroneschen „ticket mobilité“ gëtt agesat, mat där de kombinéierte Gebrauch vun den eenzelen Transportméiglechkeeten, wéi Bus, Tram, Vëlo oder Autosharing méiglech ass.
D'Iddi fir d'Busspuere mat elektresche Gefierer oder duerch "covoiturage" ze benotzen, soll de staatlechen Autoritéite virgeluecht ginn.
Déi besteeënd Foussgänger- a Vëlosweeër wäerten a punkto Verkéier a Sécherheet moderniséiert an optimiséiert ginn. D' Plangen vun neie Fouss- a Vëlosweeër tëscht den Dierfer an den Nopeschgemenge wéi Izeg-Hesper, Hesper-Houwald oder Hesper-Réiser gëtt gefërdert. Den interkommunale Gebrauch vum Vëlo soll ausgebaut ginn, fir zu engem wichtege Pilier vun der Mobilitéit ze ginn.
De Sécherheetsfacteur ass fir de Schäfferot ganz wichteg. Zënter Joeren hu mer eis fir en neie Pompjeesbau agesat. Dëse wäert geschwë fäerdeg gestallt ginn . Fir sou séier wéi méiglech Éischt Hëllef kënnen ze bidden, ass den “First Responder” essentiell. Mir wäerten och de Reseau vun Defibrillatoren op ëffentleche Plazen ausbauen.
Déi meescht Foussgängersträifen si schonn aus Sécherheetsgrënn mat méi enger heller LED Beliichtung ausgestatt ginn. Déi nei 30 km/h Zone virun de Schoulen zu Alzeng, Fenteng an Hesper sollen op dëse Plazen méi Verkéierssécherheet garantéieren. Zesumme mat der Stroossebauverwaltung siche mir no Léisungen, fir d’ Sécherheet op eise Stroossen weider ze erhéijen.
Mir wäerte weider Efforte maache fir d' Sécherheet an alle kommunale Gebaier ze garantéieren an déi deementspriechend Norme respektéieren.
Duerch reegelméissege Patrullen vun eisen Agents municipaux / gardes champêtres soll d’Uerdnung a Kontroll an eise Quartiere erhale bleiwen an domat d' Sécherheet garantéiert ginn. Reegelméisseg Patrulle vun eisen “agents municipaux/ gardes champêtres” suerge fir Uerdnung a Kontroll an eise Quartieren a garantéieren domat d’Sécherheet vun de Bierger. Mir setzen eis weiderhin an, datt de Policebüro vun Hesper de Besoine vun eiser Gemeng entsprécht.
Mat der Neigestaltung vun der Place Paul Jomé zu Hesper kritt den Duerfkär eng ganz nei Optik. Mam Bau vun engem neie Postbüro, enger neier Spuerkeessagence, enger neier Apdikt, mee och zousätzlechen Handelsflächen an erweiderte Parkméiglechkeeten, kritt dës Plaz eng ganz aner Funktionalitéit.
Eng Gemeng vu kuerzen Distanzen, mat vill Liewensqualitéit, verbonne mat lokale Fräizäitzenteren, sinn dem Schäfferot besonnesch wichteg. Nei Wunnengsbau entwécklungsgebitter sollen an Zukunft no dëse Critèren entworf ginn.
Mat der Ëmsetzung vun den Deelbebauungspläng Rothweit II zu Alzeng a route de Thionville um Houwald, wéi och anere Bauprojeten, ginn an den nächste 6 Joer bis zu 700 nei Appartementer gebaut.
Fir datt jonk Familljen hiren Dram vun enger eegener Wunneng an eiser Gemeng kënnen erfëllen, gi subventionéiert Appartementer zu Alzeng, Fenteng an Hesper mat Hëllef vun der SNHBM, dem “Fonds du Logement” a vun der Gemeng ëmgesat.
Am neie PAP Rothweit II zu Alzeng ginn net manner wéi 56 Wunnenge vun der SNHBM (Société Nationale des Habitations à Bon Marché) u Familljen oder Jonker verkaaft.
Als ëffentleche Promoteur kann d’ Gemeng um Holleschbierg och 6 Eefamilljenhaiser u jonke Famillje verkafen.
Zu Fenteng, hannert der neier Museksschoul, ginn 10 nei Appartementer vum Fonds du Logement gebaut.
Mir wëllen och an den nächste Joren nei an zousätzlech bezuelbar Wunnengsprojeten ugoen. Mir wëllen de jonke Leit a Familljen aus eiser Gemeng d’ Méiglechkeet ginn, sech permanent an eiser Gemeng néierzeloossen.
D' Zukunftsplanung fir 2025 beaflosst och d’ ZAC Houwald. De Besoin fir méi kleng Wunnunitéiten an der direkter Ëmgéigend vu Geschäfts- a Bürozenteren ass enorm. Mir wëllen dëst Konzept an der direkter Ëmgéigend vun der Gare Périphérique an dem Tram ëmsetzen. De Contournement, deen an der Planifikatioun ass, rënnt d' Restrukturéierung vun dëser Aktivitéitszon of a bitt dem Fentenger Plateau nei Entwécklungsméiglechkeeten, no dem Motto “Smart Urban Living”.
D' Ausschaffe vum PAG (Plan d'Aménagement Général) ass souwuel eng grouss Erausfuerderung wéi eng Verantwortung fir d' Gemeng a fir all déi Bedeelegt. Déi zukënfteg Stadentwécklung soll esou gutt wéi méiglech geplangt ginn, andeems de soziale Volet, d’ Mobilitéit an d’Natur berücksichtegt ginn. D’ Finaliséierung vum PAG gëtt de Bierger an ëffentleche Versammlungen virgestallt. Eng positiv an nohalteg Entwécklung, déi den alldeegleche Besoine vun eise Matbierger an zukünftege Generatiounen entsprécht, wäert d' Zil vun dëser Aarbecht sinn.
Mir mussen déi Jonk am Alldag ënnerstëtzen, hinne Meenungs- a Gestaltungsrecht ginn. Eng ganz Rei Projete goufen an de leschte Jore schonn am Jugendgemengerot ëmgesat. Mir wäerten dës positiv Approche weider ënnerstëtzen.
De Jugendrtreff ass e Kontaktpunkt fir jonk Leit aus alle Schichten vun onser Gesellschaft. Déi jonk Leit kommen an d'Jugendhaus mat enger grousser Villfalt vu Bedenken. Awer eng Saach ass sécher: Si sichen all eng Plaz fir sech ze treffen, Iddien auszetauschen, sech sécher ze fillen an, wann néideg, eng Plaz fir Hëllef ze kréien. D'Lëtzebuerger Sprooch ass hei Haapt- an Integratiounssprooch.
Am Haus "Betreit Wunnen" kréien jonk Matbierger, déi aus verschiddene Grënn hiert Elterenhaus verlooss hunn, gehollef, fir hir Zukunft ze gestalten. Well et an dësem Beräich vun der Jugendbetreiung eng grouss Waardelëscht gëtt, wäerte mir zu Hesper en zweet Haus "Betreit Wunnen" opbauen.
Mir wäerten d’Fräizäit- an d’ Sportanlagen an eise Parken préiwen a wann néideg Upassunge maachen.
Déi Jonk kënne weider Täschegeld verdéngen duerch verschidde Vakanzenjobs bei der Gemeng. Zum Beispill engagéiert d' Gemeng e puer Jugendlecher an fir d' Vakanzaktivitéiten z’ encadréieren. Am OekoCenter an am Beach Club ginn och an der Summervakanz all Joer fläisseg Hänn gebraucht. Dëst gëtt de jonke Leit fréi en Abléck an d' Aarbechtswelt.
Dat neit multifunktionellt Gebai CELO wäert an den nächste Méint fäerdeg sinn. Mam neie modernen Concertssall an dem Foyer gëtt de kulturelle Programm ergänzt an ausgebaut .
Den Concertssall ka bis zu 350 Visiteuren empfänken. D' Bün ass esou ageriicht, datt Optrëtter vu gréisseren Ensembele méiglech sinn. D’ Häerzer vun de Museks-, Gesangs- an Theaterfrënn wäerten dofir méi séier schloen.
Nieft dem Concertssall wäert den neie Foyer mat enger Gesamtfläch vun 370 m2 an Zukunft den Zentrum vu Receptiounen, Ausstellungen oder méi klengen artistesche Performancë sinn.
An Zukunft kann d'Galerie Urbengsschlass nieft Ausstellungen och fir aner Zwecker genotzt ginn.
D’ Aarbechten un der neier Museksschoul am fréieren Dennemeyer Bauerenhaff zu Fenteng lafen gutt a solle bis de Schoulufank 2018/19 fäerdeg sinn.
Während de Summerméint invitéieren eis Parken an d' “Open Air” Bün KIOPA op Concerten an Ausstellungen.
Mat der Restauratioun vun der Hesper Kierch soll dëst kulturhistorescht Gebai och an Zukunft fir kulturell Zwecker genotzt kënne ginn.
Mam Bau vun der sougenannter Bicherbox, enger ëffentlecher Librairie virun der Gemeng, gouf en Treffpunkt fir Bicherwierm geschaf. Bicher tauschen huet vill Virdeeler. Net nëmme ginn d'Leit encouragéiert fir ze liesen an ze léieren, mee d’Sich no engem Buch an engem Bicherschaf, dee mat allméiglech flotte Bicher gefëllt ass, kann och zu Inspiratioun an zu der Entdeckung vun neien Auteuren féieren. Zousätzlech schount dat repetitiivt Benotze vu Bicher wäertvoll Ressourcen an Äre Portemonni.
An deem Sënn kënne mir eis gutt virstellen, méi Bicherboxen an der Gemeng opzestellen.
Nieft der Houwalder Kierch, déi schonn am Besëtz vun der Gemeng ass, sollen no enger eestëmmeger Decisioun vum Gemengerot, all déi aner Kierchen un d' Gemeng iwwerdroen ginn. Déi chrëschtlech Wäerter sinn enk verbonne mat de Grondwäerter vun eisem Land. Eis Kierchen si kulturell an historesch Monumenter a Plazen, fir sech ze begéinen. Mir ënnerschreiwen en Accord mat der kathoulescher Kierch iwwer déi méiglech Notzung vun de jeeweilege Kierchen.
D’ Gestioun an den Ënnerhalt vun eise Kierfechter, wäerten an Zukunft weiderhin eng Prioritéit sinn. Mir wäerte kucken, och nach aner Méiglechkeeten ze fannen, fir d’Leit ze begruewen. Wéinst e puer Ufroe wäerte mir iwwert d' Schafe vun engem Bëschkierfechtnodenken a préiwen, wéi mer dës Begriefnisalternativ am Aklang mat der Natur kënnen ëmsetzen.
D’ Promotioun an d’ Subventionéierung vun eise Veräiner bleift eng Haaptaufgab vum Schäfferot. Den Ënnerhalt an den Ausbau vun de jeeweilege Sportsanlagen gëtt an den nächste Jore virugedriwwen.
Den Ausbau vum Sportkomplex Holleschbierg fänkt geschwënn un. Mam Bau vun enger zousätzlecher Sportshal, souwéi vun eiser eegener klenger Dëschtennishal an enger zousätzlecher Klotermauer, kréien eis Veräiner nei a verbessert Trainings- a Concoursméiglechkeeten.
Och den neie Schoulkomplex zu Alzeng gëtt mat enger Sportsinfrastruktur ausgebaut.
Mam Bau vun zousätzlechen Dusche soll de Stade Kongs zu Izeg der grousser Zuel vu Jugendspiller gerecht ginn.
De Sportsprojet “Hesper beweegt sech” huet sech bewäert. Mir wëllen d' Offer ausbauen an d' Personal an dëser Hisiicht erhéijen.
Ausserdeem wäerte mir dru schaffen, datt déi nei Schwämm, déi mam neie Bouneweger Lycée gebaut gëtt, och vun de Schoulklassen an de Bierger aus eiser Gemeng ka genotzt ginn.
Eise Camping gouf an de leschte Joeren nei entworf. Den Ëmfanksberäich soll elo nei gestalt ginn. Vill Visiteure vu no a wäit schätzen déi roueg Plaz an déi breet Palette vu Fräizäitaktivitéiten a kulinareschen Optiounen an der Géigend. Duerch déi vill Vëlos- a Wanderweeër an der Noperschaft vun der Stad Lëtzebuerg, kënnen Awunner an Touristen, déi sech fir Sport begeeschteren, d' Virdeeler vun eiser Landschaft genéissen.
D'Stroossebeliichtung wäert an den nächste Jore kontinuéierlech op modern an energiespuerend LED-Technologie ëmgesat ginn.
An den nächste Jore wäert d'Zuel vun de Parkplazen duerch d'Restrukturéierung vun der Place Paul Jomé zu Hesper méi wéi verduebelt ginn. Dozou gehéieren och ënnerierdesch Parkméiglechkeeten. De lokalen ëffentlechen Transport an d’“mobilité douce” wäerten sech och an dësem Projet reflektéieren.
Well mir och an den nächste Joren d’Fräizäitaktivitéiten am Hesper Park wëllen ausbauen, wäerte mir dofir suergen, datt nieft dem Waasseropfangbecken op der Fentenger Säit nei zousätzlech Parkméiglechkeeten entstinn.
De Centre Civique soll an Zukunft als multifunktionelle Sall genotzt kënne ginn. Eng kleng Parkgarage wäert de ganze Komplex komplett maachen.
D'Stroosseninfrastruktur ass allgemeng an engem gudden Zoustand. Fir de Schäfferot ass et ganz wichteg, datt d’Bierger vun eiser Gemeng Zougang zu héich qualitativen Verbindungen an Infrastrukturen hunn. Regelméisseg Aarbechten un de Stroossebeläg suerge fir bequemt a séchert Fueren.
An de Summerméint kënne Visiteuren, Spadséiergänger, Jogger a Vëlosfuerer den Duuscht gratis mat frëschem Drénkwaasserläschen un de geplangten Drénkwaasserkolonnen an de Parken zu Hesper. Och eng Vëloswäschanlag ass geplangt.
Mat der Schafung vun engem Verkéiersgaart am Park zu Hesper kënnen d ‘Kanner op eng spilleresch Manéier d' Verkéiersreegelen, an domat d' Sécherheet op der Strooss, méi no bruecht ginn.
Mat de multifunktionnelle Spillplazen an eise Parken an an de Schoulhäff wëlle mir eng grouss Gamme vu Fräizäitaktivitéiten ubidden. De Park zu Hesper soll an deem Sënn an den nächste Joren ausgebaut ginn.
Spillplaze kënnen dozou bäidroen, dat soziaalt Verhalen vun deene Klengen ze entwéckelen, an d’ Motorik vun de Kanner gëtt op eng spilleresch Manéier encouragéiert, wat fir eng gesond Entwécklung wesentlech ass. Matzen an engem Wunnberäich kënne Spillplazen Treffpunkter fir Elteren sinn, wou si sech mat gläichgesënnte Leit treffen an Iddien austauschen.
De “Beach Club” am Hesperr Park empfänkt an de Summerméint all Awunner aus der Gemeng souwéi Gäscht vu baussen. Hei kënnt Dir e puer agreabel Stonne bei engem kille Pättchen an engem Snack verbréngen. De Kannerbasseng, deen zesumme mat de Sanitäranlage renovéiert gëtt a prett ass fir déi nächst Saison, bitt Plaz fir sech ofzekillen. Sportbegeeschterter kënne sech fir Ballspiller am Sand treffen.
Mir wëllen den atmosphäresche Chrëschtmaart, dee vun e puer Veräiner all Joer organiséiert gëtt, ausbauen.