Recette communale

Plaatz Administratioun

[Translate to Lëtzebuergesch:] Recette - Bureau R1/2/3/4

474,​ route de Thionville
L-5886 Hesper

D'Missioune vun dësem Service, wéi och d'Verflichtungen a d’Verantwortung vum Receveur, ginn definéiert vum geännerte Gemengegesetz vum 13. Dezember 1988.

Art. 94 : « Le receveur est chargé seul et sous sa responsabilité, d’effectuer les recettes de la commune ainsi que d’acquitter les dépenses qui sont ordonnancées dans les formes et conditions déterminées par la loi. »

Art. 142: «  Ce qui distingue le receveur communal de tous les autres fonctionnaires communaux est le fait qu’il est personnellement responsable de ses actes et qu’il peut être forcé en recette, par décision du Ministre de l’Intérieur, pour les montants devenus irrécouvrables par sa négligence ou par sa faute. »

Haaptaufgaben

Trésorerie

  • Suivi a Gestioun vun der Trésorerie;
  • Accueil vum Client am Guichet;
  • Gestioun vu Bankkonten, vun deenen d’Gemeng Titulaire ass;
  • Opstelle vum compte de gestion annuell;
  • All Paiement un d’Bierger erfuerdert d’Virleeë  vun engem “Relevé d’Identité Bancaire” (RIB).

 

Dëst ass eng Zort Bank ID Kaart, déi präzis Bankdetailer enthält. Dat erlaabt et, dës  Detailer un Drëtter ze kommunizéieren.

Jiddereen, deen e Bankkonto huet, kann op Ufro dëst Dokument  vu  senger Bank kréien oder et online vum entspriechende Site eroflueden.

Comptabilitéit Clienten

  • Recouvrement vun alle Beträg, déi opstinn, entweeder iwwert den administrativen oder geriichtleche Wee
  • Remboursement vun den notes de crédit
  • Ofkommes a Suivi vun den gestaffelte Rechnungen*
  • Gestioun vun den Domiciliatiounen**

(*) : D’Clientë déi hier Rechnungen wëllen an e puer Kéieren (paiement échelonné) bezuelen, si gebieden sech sou séier wéi méiglech mam Receveur an Verbindung ze setzen fir onnéideg Käschten z’évitéieren (Käschten fir Rappeller, Dierwiechter, Verzuchszënsen, ...)

 (**) : D’Clientë déi bereet sinn eng Domiciliatioun ze ënnerschreiwen, si gebieden sech un den Departement vum Finanz-Service z’adresséieren. Den néidegen Formulaire kann op www.hesperange.lu erofgeluede ginn.

Comptabilitéit Fournisseuren

Bezuele vu Fournisseursrechnungen,  déi vum Schäfferot, entspriechend de Modalitéite vum Gesetz, autoriséiert sinn.

Kees - Guichet

Op fir de Public méindes bis freides vu  7.45 bis 11.45 Auer a vun 13.30 bis 17.00 Auer.

Permanence mëttwochs  vu 17 bis 18 Auer.

Online Prozedure sinn ze privilegéieren.

Bezuele  vun all Zorte vu kommunale Rechnungen (Waasser, Incinératiounstaxen,  Assainissementstaxen, Grondsteier, ....) am Guichet Keess: boer, mat Kreditkaart, Payconiq, Bankvirement oder Domiciliatioun.

 

BCEE LU97 0019 1001 0177 1000 BCEELULL
BGLL LU23 0030 0326 5092 0000 BGLLLULL
CCPL LU53 1111 0029 6959 0000 CCPLLULL
BILL LU77 0029 1310 7170 0000 BILLLULL
BLUX LU48 0080 3851 5800 1003 BLUXLULL
CCRA LU88 0090 0000 0539 2006 CCRALULL

Nos contacts

Sandra AREND
Receveur communal
Isabelle MARX
Recette
Patricia MAJOIE
Recette
Isabella DELL'AERA
Recette
Itinéraire
Dokumenter

Organigramme de l'administration

542 KB 06.12.2023
Kontakt
[Translate to Lëtzebuergesch:] Recette - Bureau R1/2/3/4
474,​ route de Thionville
L-5886 Hesper