Centre de Distribution et d'échange

Léif Frënn,

An deene nächsten Deeg wäerte mer de "Centre de Distribution et d'échange" fir ukrainesch Flüchtlingsfamiljen opmaachen, dat an Zesummenaarbecht mat der LUKraine asbl, den Awunner aus eisem Flüchtlingshaus an dem "Jugendtreff Hesper”. Mir probéieren dës Familljen an dëse schwéieren Zäiten weider z'ënnerstëtzen.

Mir informéieren déi concernéiert Familjen iwwert dës Hëllef.

Mir brauchen och weider Är Hëllef !

Dës Woch, (27. Juni, 29. Juni an 1. Juli), Liewensmëttel mat längerem Oflafdatum (Kanner an Erwuessener), an dat selwecht d'nächst Woch, (4. Juli, 6. Juli an 8. Juli).

D'Auerzäiten fir d'Saachen ofzeginn während deenen uewe genannten Datumer si vu 9.00 Auer bis 12.00 Auer.

Centre de Distribution et d’échange
466, route de Thionville
L-5886 Hesperange