Wat muss ee maachen fir eng Vignette ze kréien

Vignette résidentielle

All Stot kann iwwert 3 "GRATIS" Vignette verfüge (ginn automatesch erneiert) déi all zwou (2) Plackennummeren kennen hunn (spezifizéiert wgl. wéi déi 3 Vignette solle beschrëft ginn). Déi Vignette mat der Opschrëft HE (fir Hesper) gëllen nëmmen um Territoire vun der Gemeng Hesper, ausser am Secteur ZA, der Industriezone Houwald.

Fir all Ännerunge muss déi al Vignette mat den néidegen Dokumenter an Informatiounen un d'Gemeng zréckgi ginn.
D’Verléieren oder de Vol vun der Vignette muss der Gemeng sou séier wéi méiglech gemellt ginn.
Beim Plënneren, respektiv am Fall wou den Auto ofgeschaaft gëtt, muss d’ Vignette direkt un d' Gemeng zréckgi ginn. D’Vignette verléiert hir Validitéit, wann eng oder méi Konditioune fir se ze kréien net méi erfëllt sinn.

Vignette visiteur

D’ ”vignette visiteur” (am Kontext vun de Familljebezéiungen) ka fir eng Period vun 1 Woch bis maximal 3 Méint pro Joer a pro Stot ausgestallt ginn (deelt wgl. den Datum vun der Arrivée a vum Depart mat). Eng maximal Dauer vun am ganzen 3 Méint gëtt pro Joer a Stot verginn.

Vignette professionelle

D’Vignette ka gefrot gi fir:

D’Benotzer, déi professionell e Gefier brauchen, dat enger physescher oder juristescher Persoun gehéiert, déi eng Autorisatioun huet fir Montage-, Reparatur- oder Ënnerhaltsaarbechten ze maachen; datselwecht gëllt fir eng Persoun, déi en Agrement oder eng Autorisation d’Etablissement huet.

Dokumenter, déi bei eng Demande derbäi musse geluecht ginn

Fir eng Vignette ze kréie musse Fotokopië vun den folgenden Dokumenter bäigeluecht ginn:
 

  • En Dokument, dat d’berufflech Akkreditatioun vum Kandidat zertifiéiert;
  • D’Aschreiwungskaart(e) vun dem oder de betraffene Gefier(er);
  • De Mietvertrag, deen d'Registréierungs- oder d’Chassisnummer vum betraffene Gefier ernimmt, souwéi den Numm an d'Adress vun deem, deen ënnerschriwwen huet.

Bei d'Ufro en vue vun der Ännerung vun enger oder méi Immatrikulatiounsnummeren, déi op enger gülteger Vignette stinn, musse bäigeluecht ginn:

  • déi gewënschte Vignette;
  • d’Fotokopië vun der groer Kaart vum Auto, deen ugemellt soll ginn;
  • all aner Dokumenter, déi eventuell wichteg sinn. 
Itinéraire
Dokumenter

Demande vignette résident

151 KB 12.08.2021

Demande vignette visiteur

98 KB 12.08.2021

Demande vignette professionelle

149 KB 12.08.2021
Kontakt
[Translate to Lëtzebuergesch:] Population
474,​ route de Thionville
L-5886 Hesper