Notice légale

1. Editeur vum Site

 

Dëse Site ass vun der Hesper Gemengeverwaltung éditéiert.

Adress : 474, route de Thionville - L-5886 Hesper
Telefonsnummer : +352 36 08 08-1
Email-Adress : contact@hesperange.lu
Directeur vun der Publicatioun : Marc LIES, Diane ADEHM, Georges BECK, Romain JUNCKER
(Schäfferot vun der Gemeng Hesper)

Webhost : Google Cloud Platform - Frankfurt

 

2. Cookies

 

Wann Der op eisem Internetsite sidd, kann et sinn, datt Cookies op Ärem Computer automatesch installéiert oder temporär gespäichert ginn, mam Zil fir Är Navigatioun op eisem Site z’amélioréieren. D’Cookies erlaaben eis et net Iech z’identifizieren, mee si gi fir Analysen benotzt, wéi z.B. d’Unzuel vun de besichte Säiten a wéivill Zäit op eisem Site vebruecht ginn ass, asw.

Mir benotzen Cookiebot fir d’Gestioun vun de Cookies. Fir Är Cookies ze géréieren, kënnt Der d’Säit « Cookies » am Footer vum Site kucke goen.
Dësen Internetsite benotzt Google Analytics, en Déngscht vu Google Inc. fir d’Analyse vun Internetsiten (« Google »). Déi am Cookie genéiert Informatiounen iwwert d’Notzung vum Internetsite (incl. Ärer IP-Adress) ginn op een Google-Server iwwerdroen a gespäichert. Google benotzt dës Informatiounen, fir Är Notzung vum Internetsite ze bewäerten, Rapporten iwwert d’Aktivitéiten vum Site un de Bedreiwer vum Internetsite z’ètabléieren a weider Servicer am Zesummenhang mat der Aktivitéit vum Site an der Notzung vum Internet z’erbréngen. Google kann dës Informatiounen un Drëtter weiderginn, wann dëst gesetzlech virgeschriwwen ass oder wann dës Drëtter déi betreffend Donnéeën am Numm vu Google veraarbechten.

Google mécht iwwerhaapt kee Lien tëscht Ärer IP-Adress an aneren Donnéeë vu Google. Dir kënnt d’Installatioun vun de Cookies déaktivéieren, andeems Der e puer Astellungen vun Ärem Browser ännert. Sou eng Deaktivéierung kéint awer d’Notzung vu bestëmmte Fonktiounen vum Internetsite verhënneren. Mat der Notzung vun dësem Internetsite stëmmt Dir der Veraarbechtung vun den Donnéeën, déi Dir vu Google kritt hutt, zu den uewe beschriwwenen Conditiounen an Finalitéiten zou.

Fir méi Informatiounen iwwert Cookies kënnt Dir de Guide Google Analytics Cookie Usage on Websites besiche goen.

Wann Dir Google Analytics op Ärem Internet-Browser wëllt, sidd bewosst datt Google Inc. e Internet-Browser-Zousatzmodul développéiert huet, mat deem Dir d’Notzung vun Ären Donnéeën an de Javascript-Dateien vu Google Analytics blockéiere kënnt : https://tools.google.com/dlpage/gaoptout?hl=fr

 

3. Vum Internetsite gesammelt perséinlech Donnéeën

 

Wat sinn déi gesammelt perséinlech Donnéeën ? 
D’Visiteuren ginn informéiert datt den Internetsite veschidde Traitements-Opératiounen vun den Donnéeë benotzt fir d’Kommunikatioun an den Austausch vun Informatiounen mat de Visiteuren z’assuréieren. Mir sammele nëmme grondlegend perséinlech Donnéeën, wéi Äre Numm, Är Adress, Är Email-Adress, asw.

Firwat ginn dës Donnéeë gesammelt ?
Dës Dateveraarbechtung erméiglecht et eis :
- Beaarbechtungen vu Kontaktufuerderungen;
- Nofro vun Online-Déngschter assuréieren.

Wéi ginn déi gesammelt Donnéeën géréiert?
Déi gesammelt Donnéeën ginn ausschließlech fir den interne Gebracuh geholl an un déi fir d‘Beaarbechtung vu Notzerufroen zoustänneg Persounen iwwermëttelt. Är perséinlech Donnéeën ginn op kee Fall mat enger anerer Entreprise gedeelt, weder nach zu kommerziellen nach aneren Zwecker, mat Ausnam vun der Gemeng Hesper.

Wéi laang hale mir déi gesammelt Donnéeën ?
Mir halen Är perséinlech Donnéeën sou laang wéi d’Grënn vun der Collecte et exigéieren oder et gesetzlech virgeschriwwen ass. D’Informatiounen fir kommerziell Zwecker gi sou laang gespäichert bis Dir eis frot fir se z’änneren oder se ze läschen.

Wat sinn Är Rechter ?
Am Accord mam « Règlement Général sur la Protection des Données », muss jiddfereen, dee vu sengem Recht op Accès, Rectificatioun, Suppressioun oder Oppositoun Gebrauch maache wëll, sech beim folgende Sevice mellen :

Administration communale de Hesperange
474, route de Thionville - L-5886 Hesper
contact@hesperange.lu

Fir méi Informatiounen zu Äre Rechter wat d'Protectioun vun de perséinlechen Donnéeën ugeet, kënnt Dir de Site vun der Commission Nationale pour la Protection des Données au Luxembourg besiche goen.