Hesper Citybus

Ab e Méinden, den 22. Mee 2023 fiert den Hesper Citybus och duerch d'Quartieren vun Alzeng (vu Méindes bis Feides)

D'Zil vum Lancement vum Citybus ass d'Fërderung vun der nohalteger Mobilitéit fir den Awunner en zousätzlecht lokalt Transportmëttel géigentiwwer dem Flexibus z'offréieren.
En deckt d'Deplacementer tëscht de Quartiers résidentiels an de Pôles d'échangen of. Sou kënnen d'Awunner méi liicht a sécher vun der breeder Offer vun de bestehende Buslinnen vun RGTR/VDL profitéieren, déi se dann op hier endgülteg Destinatioune féieren.

An enger éischter Phas fiert ee Bus wiertes, vu méindes bis freides tëschent 6.15 Auer an 8.15 Auer, fir verschidde Quartieren zu Fenteng ofzedecken.
D'Mise en Service ass fir Mëtt Abrëll virgesinn mat engem Takt vun 20 Minutten. E méiglechen Ausbau vun der Offer vum Hesper Citybus (z.B. am Nomëtten wéi och fir aner Quartieren) gëtt no Auswäertung vun dëser éischter Phase an am Zesummenhang mam Ofschloss vun den Aarbechten vum Tram um Houwald analyséiert.