Agents régionaux d’inclusion sociale (ARIS)

D'Regionalagentë vun der sozialer Inclusioun (ARIS) schaffen ënner der Opsiicht vum Office National de l'Inclusion Sociale (ONIS) a sinn en Deel vum Office Social, am Kader vun dem amendéierte Gesetz vum 28. Juli 2018 iwwert d'Akommes vun der sozialer Inclusioun (REVIS) ) (fréier RMG).

De Revenu d'inclusion sociale (REVIS) soll de Stéit mat engem bescheidenen Akommes hëllefen, d'”moyens d'existence de base” z'assuréiere vun deene Leit, déi d'Konditioune vum Gesetz vum 28. Juli 2018 erfëllen.

Zilgrupp

Déi zwou “assistantes sociales” vum Service ARIS schaffen nëmmen op Rendez-vous. De Service adresséiert sech exklusiv un déi Leit, déi vum REVIS profitéieren an an der Gemeng Hesper wunnen.

Missiounen

Hiert Zil ass et, déi sozial a berufflech Integratioun ze erliichteren, andeems si d'Missioune vum “Office National de l’Inclusion Sociale” (ONIS) erfëllen:

  • D'Iwwerhuele vun den Dossiere vun de Leit, déi vum “Office National d’Inclusion Sociale” geschéckt  gi sinn;
  • mam Beneficiaire en Aktivéierungsplang, deen am Artikel 16 vum REVIS-Gesetz virgesinn ass, ausschaffen an “à jour” halen;
  • Aktivéierungsmoossnamen organiséieren, déi am Artikel 17 vum Gesetz virgesi sinn, konform zum Aktivéierungsplang, an déi virgeschriwwen administrativ Dokumenter preparéieren;
  • derfir suergen, datt d'Aktivéierungsmoossname gutt lafen, duerch reegelméissege Kontakt mam Beneficiaire an dem Responsabel vun der Aarbechtsplaz, an esou wäit wéi méiglech d’Ënnerbriechung vun den Aktivéierungsmoossname verhënneren;  
  • d'Demandë vun de Bewerberinnen a Beneficiairë vun der “allocation d'activation” op de “service de santé” schécken;
  • d’”constats d’incapacité de travail” vun de Beneficiairë vun enger ”allocation d'activation” geréieren an d'Leit convoquéieren, fir sech bei den Experten ze presentéieren, déi vum Direkter vun ONIS mandatéiert goufen;
  • d’Informatiounen, déi an den “décomptes mensuels” vun de Beneficiairë vun der “allocation d’activation” stinn, iwwerpréiwen;
  • d’Dossierë vun deene  Persoune verwalten, déi vun der Participatioun un den Aktivéierungsmoossnamen dispenséiert sinn.

Nos contacts

Zana ALOMEROVIC
Service ARIS
Emmanuelle REMY
Service ARIS