D’Gemeng Hesper mécht mat: Aktioun "Gielt Band": Hei ass plécken erlaabt.

Wann d’Uebst zeideg ass fir gepléckt ze ginn, da ginn déi betraffe Beem mat engem giele Band  markéiert, an duerno ka jiddwereen, ouni de Proprietär virdrun ze froen, dës Friichte gratis fir säi private Gebrauch plécken.

 

Wou geschitt et?
 

-Howald CIPA, rue du Couvent
-Parc Howald
-Alzingen, parc Rothwelt
-Alzingen, Rothwelt II - aire d ejeux
-Alzingen, rue de Syren - terrain de football
-Itzig, rue des Près (Bongert)
-Itzig, rue Am Steechen