Plaatz Administration

[Translate to Lëtzebuergesch:] Triage Hesperange

1, rue Nachtbann
L-5955 Itzig

Den Triage forestier vun Hesper, zesumme mat 12 aner Triagen, ass en Deel vum Arrondissement SUD vun der Natur- a Forstwirtschaft.

De Gemengebësch an de Staatsbësch um Territoire vun der Gemeng Hesper gëtt vum Här Pit Schoos,  Préposé de la nature et des forêts, géréiert. Hie gëtt a senger Missioun vun enger Ekipp vu 4 Bëschaartbechter ënnerstëtzt.

 

Attributiounen

  • d'Protectioun vun der Natur, de natierleche Ressourcen, der biologescher Diversitéit a vun der Landschaft;
  • d'Protectioun an d'nohalteg Bëschbewirtschaftung vun de Bëscher déi dem Régime forestier ënnerleien ;
  • d'Förderung vun enger nohalteger Bëschbewirtschaftung an de Privatbëscher;
  • d'Protectioun a nohalteg Bewirtschaftung vun de Fëschereiressourcen;
  • d'Sensibilisatioun vun der Ëffentlechkeet an der Beräicher vun der Natur an de Bëscher;
  • d'Iwwerwaachung a Police an de Beräicher Naturschutz, Bëscher, Juegd a Fëscherei.

De Gemengebësch vun Hesper huet eng Surface vun ongeféier 380 ha an d'Visiteuren fannen eng grouss Accueil- an Erhuelungsoffer:

  • markéiert Autopédestren 
  • Vëlospisten
  • Fitnessparcours

Un der grousser Unzuel vu Wanderweeër am kommunalen an am staatleche Bësch mierkt ee seng wichteg Roll fir d'Erhuelung vun de Bewunner vun der Gemeng Hesper.

 

 

Nos contacts

Pit SCHOOS
Préposé forestier
Itinéraire
Dokumenter

Organigramme de l'administration

542 KB 06.12.2023
Kontakt
[Translate to Lëtzebuergesch:] Triage Hesperange
1, rue Nachtbann
L-5955 Itzig