Protégéierte Secteur / sensibel Ensemblen

Eng Baugenehmegung ass fir all Aarbechten, déi an der Regel baussen un de Gebaier an enger "zone protégée" gemaach ginn, aschießlech der Erneierung vun der Fassade an der Instandsetzung vun den Diecher, erfuerderlech.

 

Art. 29. Secteur a protégéiert Elementer vu kommunalem Intérêt

D'Secteuren e protégéiert Elemenger vu kommunalem Intérêt bestinn aus :

  • de protégéierte Secteuren vu kommunalem Intérêt ;
  • de protégéierte Elementer vu kommunalem Intérêt.

Protégéiert Secteuren vum Typ « environnement construit » - [SEPIC-C]

Déi protégéiert Secteuren vum Typ « environnement construit » - [SEPIC-C] bestinn aus Deeler vum Gemengenterritoire déi entweder eng charakteristesch Urbaniséierung, Gebaier oder Deeler vu Gebaier ëmfaassen, déi op kommunalem oder nationalem Niveau engem oder méi Critèren entspriechen:

  • Authentizitéit vun der gebauter Substanz ;
  • Authentizitéit vun der Gestaltung ;
  • Raretéit ;
  • Beispillcharakter vum Typ vum Gebai;
  • Architektonesch Bedeitung ;
  • Témoignage vum Gebai fir déi national, lokal, sozial, politiesch, religiéis, militäresch, technesch oder industriell Geschicht

Déi folgend allgemeng Sécherungs- a Schutzariichtungen gëlle fir all Gebai dat ënnert de protégéierte Secteur vu kommunalem Intérêt vum Typ « environnement construit » fällt.

Itinéraire
Kontakt
[Translate to Lëtzebuergesch:] Service de l'architecte
474,​ route de Thionville
L-5886 Hesper