Allokatioun vun engem Bonus fir de Bau oder de Kaf vu Wunnengen

Gemengereglement betreffend d'Allokatioun vun engem Bonus fir de Bau oder de Kaf vu Wunnengen

Beneficiairen

D’Subventioun fir de Bau oder d’Acquisitioun vu Wunnenge gëtt u Persounen ausbezuelt, déi eng Wunneng um Territoire vun der Gemeng Hesper bauen oder kafen,  an déi vun enger Bau- an Acquisitiounssubventioun vum Staat am Kader vum geännerte Gesetz vum 25. Februar 1979, betreffend d’”aide au logement” profitéieren, souwéi och vum amendéierte “règlement grand-ducal” vum 5. Mee 2011, betreffend d’Ëmsetzungsmoossnamen am Zesummenhang mat der individueller Wunnengshëllef fir den Accès zum Logement.  

D'Wunneng, fir déi eng Subventioun accordéiert gëtt, muss Haapt- a permanente Wunnsëtz vum Beneficiaire si fir eng Period vun op d'mannst zéng Joer nom Datum vum Akt, deen d'Acquisitioun vun dëser Wunneng dokumentéiert, resp. nom Datum vun der éischter Occupatioun, wann et en Neibau ass. Wann déi Konditiounen net erfëllt sinn, muss d’Subventioun zeréckbezuelt ginn.

D’Primm kann nëmmen eemol un dee selwechte Beneficaire ausbezuelt ginn.

Montant

De Betrag vun der Primm ass op 1.500,00 € festgeluecht.

Dëse Betrag gëtt ëm 500,00 € erhéicht fir all Kand “à charge” vum Beneficiaire vun der Primm. D’Kand muss am d’Stot vum Beneficiaire wunnen am Moment vun der Demande.

D'Primm däerf net méi héich si wéi 3.000,00 €.

Konditiounen

 D’Demande fir d’Primm ze kréie muss dem Schäfferot mat engem Formulaire agereecht ginn.

D’Demande muss bannent zwee Joer, vun dem Datum vun der Decisioun vum zoustännege Logementsminister un, agereecht ginn.

Eng Kopie vun dëser Entscheedung muss bei der Demande bäileien.

D’Primm kann nëmmen ausbezuelt ginn, nodeems den Demandeur tatsächlech an där Wunneng wunnt, fir déi en d’Subventioun ugefrot huet.

D'Demande ass z'adresséieren un:

Itinéraire
Kontakt
[Translate to Lëtzebuergesch:] Service Financier
474,​ route de Thionville
L-5886 Hesper