Meng Kanner ginn an d'Schoul

Ziler vun der Grondschoul

Zu Lëtzebuerg ass d’Schoulpflicht vu 4 bis 16 Joer obligatoresch. D'Basisausbildung ëmfaasst 9 Joer Schoul, opgedeelt a 4 Zyklen. Am 1. Zyklus abegraff ass 1 Joer éducation précoce, dat fakultativ ass, an 2 Joer Spillschoul, déi obligatoresch sinn.

D‘Zyclen 2, 3 a 4 bilden d'Primärschoul. All Zyklus dauert 2 Joer.

Admissioun vun de Schüler

All Kand, dat am Grand-Duché wunnt, muss an der Gemeng, wou et wunnt, an d’Grondschoul goen ausser et ass an enger anerer Staatsschoul oder enger Europaschoul, an enger Privatschoul oder an enger Schoul am Ausland ageschriwwen, oder et kritt en „enseignement à domicile“.

Cycle 1 (précoce)

D’éducation précoce ass fir all Kanner, déi den 1. September vum aktuelle Joer 3 Joer al sinn. Hir  Missioun ass et, d'intellektuell Virwëtzegkeet vun de Kanner ze stimuléieren, hiert soziaalt a kognitivt Verhalen z'entwéckelen an d’Schwätze vun der Lëtzebuerger Sprooch ze verbesseren.

D’Eltere vun de Kanner ginn am Januar vum Schoulservice vun der Gemeng Hesper kontaktéiert fir eng eventuell  Aschreiwung.

Cycle 1

D’Spillschoul (éducation préscolaire) riicht sech u Kanner vu 4 bis 6 Joer. Si ëmfaasst eng Period vun 2 Joer. D‘Präsenz ass obligatoresch a gratis.

D‘Umeldung fir de Cycle 1 gëtt am Januar vun dem Joer gemaach, wou d’Kand an d’Klass kënnt. Dofir ginn all déi betraffe Verantwortleche vun der Gemeng schrëftlech kontaktéiert.

Cyclen 2 bis 4

Den 2. Cycle (6 a 7 Joer), den 3. Cycle (Kanner vun 8 bis 9 Joer) an de 4. Cycle (Kanner vun 10 an 11 Joer) bilden déi fréier Primärschoul. All Léierzyklus dauert am Prinzip 2 Joer.

An de Cyclen 2 bis 4 gëtt d’Alphabetiséierung op Däitsch geléiert, dat ass d’Sprooch, an där all d’Fächer geléiert ginn, ausser Franséisch. D’Léiere vun der franséischer Sprooch fänkt am Cycle 2 un.

 

Michel DONVEN
Service scolaire • Bureau E18 1er étage
Chantal BERNARD
Secrétariat CE / Service scolaire • Bureau E17 1er étage
Daniela ANDERLINI
Service scolaire • Bureau E19 1er étage
Martine WAGNER
Secrétariat CE / Service scolaire • Bureau E17 1er étage
Marie-Paule MULLER
Service Scolaire • Bureau E19 1er étage
Itinéraire
Kontakt
[Translate to Lëtzebuergesch:] Service Scolaire
474,​ route de Thionville
L-5886 Hesper