De séchere Schoulwee

De séchere Schoulwee

An de leschte Joren ass de ganze Verkéier bannent de Wunnberäicher op 30 km/Stonn limitéiert ginn. An eiser Gemeng goufen och verschidden aner Moossnamen agefouert, fir de parasitäre Verkéier an de Wunnberäicher ze reduzéieren.

Dës Moossnamen erlaben eis, d’Konzept vum „séchere Schoulwee“ an de Wunnberäicher anzeféieren.

Sou si Versammlungsplazen a Wunnberäicher virgesinn, vu wou un d’Weeër fir an d’Schoul ugewise sinn. D'Weeër an d'Foussgängersträife sinn deementspriechend mam neie "Schläichi"- Logo op den Trottoire markéiert.

Dëst Konzept vum „séchere Schoulwee“ gëtt no an no an aner Uertschaften an der Gemeng Hesper agefouert an ausgebaut.