Patrouilleurs scolaires

D'Patrouilleurs scolaires kompletéieren de "séchere Schoulwee” an de Pedibus bei de Schoulen, déi  bei enger Haaptstrooss leien.

D'Zil vum Konzept "Séchere Schoulwee" ass et, sou vill wéi méiglech Schüler (an Elteren) ze motivéieren, fir zu Fouss oder mam Vëlo an d'Schoul ze kommen, fir d'Zuel vun den Autoe ronderëm d’Schoulplaz ze reduzéieren.

Tatsächlech kënnen dacks geféierlech Situatiounen entstoe wéinst ze vill Autoe an der Ëmgéigend vun  enger Schoul. Dëst  kreéiert e Gefill vun Onsécherheet, souwuel bei de Kanner wéi bei den Elteren.

Fir de Risiko vun engem Accident ze minimiséieren, mussen e puer allgemeng Reegele befollegt ginn :

  • Den Trottoir ass déi eenzeg sécher Plaz, wou d'Kand trëppele kann.
  • Ëmmer den Trottoir op der sécherer Säi benotzen, dat heescht op der Säit vun Haiser a Gäert.
  • Wann et keen Trottoir gëtt, ëmmer op där lénkser Säit vun der Strooss goen.
  • Ëmmer iwwert d'Strooss goen do wou Rout Luuchte sinn oder e  Foussgängersträifen ass.
  • Wann d'Kand op enger onsécherer Plaz iwwert d'Strooss muss goen, ass et onbedéngt néideg, datt et en adäquat Sécherheetsverhalen adaptéiert: opmierksam no lénks kucken, dann no riets,  an iwwert d’Strooss goe wa keng Autoe kommen.