Pacte climat

"E Mëttwoch, de 26. Juli 2017 gouf den EEA- Audit fir d' Gold-Zertifikatioun vum Klimapakt an der Gemeng Hesper
zesumme mat national an internationalen Auditeuren duerchgefouert. All Froen goufen Zefriddestellend während
dësem Audit beäntwert. D'Gemeng Hesper ass zouversiichtlech, dësen Audit mat engem excellente Resultat ofzeschléissen.

Dat definitiivt Resultat  gëtt den 21. September offiziell vun der EEA publizéiert an den 28. September ginn um Klimapakt-Dag
vu mynenergy am Centre Civique zu Hesper d' Zertifikater offiziell iwwerreecht.
​"