1000 km Hesper
Détailer vun der Course
- Départ: Centre Nicolas Braun (niewent der Gemeng).
- D'Startzäit ass fräi wielbar tëschent 8 an 12 Auer, déi lescht Ronn gëtt ëm 12 Auer gelaf.
- Et leeft jidfereen no senger Vitesse op engem Parcours vun 2 Kilometer.
- D'Zil ass et fir e Minimum vun 1.000 km (als Somm vun alle gelafene Kilometeren) ze erreechen
(de Rekord läit bei 8.850 km, gelaaf am Joër 2004).
- Inscriptioune: minimum 5 EUR, Kanner 3 EUR (op der Platz oder mat engem Virement op de Kont IBAN LU97 1111 1712 4237 0000).
- Den Erléis vun der Course geet un e gutt Wierk.
- Tombola: T-Shirten a Bongen ginn am Laf vun der Course verspillt.
- Präis fir déi gréisste gelafen Distanz bei Dammen an Häeren. Zousätzlech Präisser gin ët fir déi beschten Damm an den beschten Häer aus der Gemeng Hesperange.