vum 12.07 bis den 12.06 vun 08:00 bis 12:00

Plaatz
Gemengepark Hesperange

1000 km Hesper

Détailer vun der Course

- Départ: Centre Nicolas Braun (niewent der Gemeng).
- D'Startzäit ass fräi wielbar tëschent 8 an 12 Auer, déi lescht Ronn gëtt ëm 12 Auer gelaf.
- Et leeft jidfereen no senger Vitesse op engem Parcours vun 2 Kilometer.
- D'Zil ass et fir e Minimum vun 1.000 km (als Somm vun alle gelafene Kilometeren) ze erreechen
- Inscriptioune: minimum 10 EUR, Kanner 3 EUR (op der Platz oder mat engem Virement op de Kont IBAN LU97 1111 1712 4237 0000).
- En Drénk-Becher, deen een nees op en Neits notzen kann, gëtt Iech offréiert.
- All Kand ënnert 12 Joer kritt eng Belounung.
- Den Erléis vun der Course geet un e gutt Wierk.

Méi Info op: www.lthesper.lu