Grousse Mobilitéitsdag 2025

D’Gemengen Hesper, Gemeng Conter  a Commune de Weiler-la-Tour  invitéieren Iech häerzlech op de Grousse Mobilitéitsdag! 

Bei eis zu Alzeng kritt Dir ab 12.00 Auer eppes z'iessen an ze drénken, déi offiziell Erëffnung vun der Streck ass um 13.00 Auer an um 14.00 Auer steet eng Show vum BMX-Weltmeeschter Viki Gómez um Programm! 

No der Show proposéiert hien nach e flotte Workshop am 15-Minutte-Takt.

Entdeckt en auto-fräie Site mat engem Geschécklechkeetsparcours, lecker Smoothies vum „Grénge Vëlo“ a villes méi. 

Beweegt Iech fräi um 18km-Parcours deen déi 3 Gemenge verbënnt mam Vëlo, Rollerblades, Skateboard, Kick-/Hoverboard... oder ganz einfach zu Fouss! 

Kommt laanscht a verbréngt e flotten, autofräien Dag - et lount sech!