Wäin- a Kéisowend 2025

D’Hesper DP invitéiert Iech häerzlech op en genësserlechen Owend mat exzellente Wäiner a feine Kéisen an dat an enger gemittlecher Hierschtambiance am Hesper Chalet.
D’Degustatioun gëtt animéiert vum Här André Mehlen, Directeur Général vun den Domaines Vinsmoselle. Hie wäert eis op eng Rees duerch de Musel-Dall huelen an gëtt eis e puer Ablécker an d’Produktioun vun eisen lokale Wäiner.
Wéini: Freideg, den 24. Oktober 2025, um 19:00 Auer
Wou: Am Chalet, Hesper Park
Präis: 40 €/Persoun
(inklusiv 1 Glas Crémant, 5 Wäindegustatiounen, 5 verschidde Kéiszorten an hausgemaachte Desserten a Kaffi)
Dir sidd häerzlech invitéiert, un dëser zweeter Editioun vun eisem Wäin- a Kéisowend deelzehuelen. Mir frëen eis op Iech
Umeldung per Mail un:
Marthy Bracke – brackepm@pt.lu