Swap Party

E Sonndeg, de 25. Oktober 2026 vu 14 Auer bis 17 Auer am Centre Nicolas Braun (nierft der Gemeng) zu Hesper.


Bréngt är Kleeder (maximum 10 Stéck) an tauscht se géint anerer!

D’Kleeder musse propper sinn, net desagreabel richen an dierfe keng Lächer hunn (keng Schong, keng Accessoiren, keng Ënnerwäsch, keng Kannerkleeder).

(Och Männergezei ka matbruecht ginn.)

Organiséiert vun der Gemeng Hesper an Zesummenaarbecht mat der Kommissioun fir den Erhalt vun de Ressourcen. 

Jiddfereen ass häerzlech wëllkomm.