Alzeng

D'Uertschaft Alzeng ass ëmgi vun hiren Nopeschdierfer, Fenteng am Westen souwéi  Hesper an Izeg am Norden. D'Nationalstrooss 3 tëscht Lëtzebuerg a Fréiseng leeft duerch den Zentrum vun Alzeng.

De Camping Alzeng, bedéngt duerch seng gënschteg Lag, nëmmen e puer Kilometer vun der Haaptstad ewech, ass ideal fir Är Vakanzen zu Lëtzebuerg ze verbréngen a fir d'Stad mam Vëlo oder mam Bus ze besichen.

Zuelen

Geschicht vun der Uertschaft

Bis an d'Mëtt vum 20. Joerhonnert huet Alzeng de Cachet vun engem zimmlech ländlechen Duerf behalen. Och de Bau - 1882 - vum legendären "Jangeli", mat engem Arrêt zu Alzeng, huet kee positiven Afloss op d'demografesch Entwécklung: 446 Awunner am Joer 1880,  410 am Joer 1955. Mä an de leschte fofzeg Joer, no der Schafung vun neie Wunnquartieren, ass d'Populatioun däitlech eropgaangen: am Januar 2021 waren et bal 2.300 Awunner.

Am Zentrum vun der Uertschaft, wéi och an der noer Ëmgéigend an an enger kommerzieller Aktivitéitszone, bidde Geschäfter eng grouss Auswiel u Wueren a Servicer un.