Houwald

D'Uertschaft Houwald läit um Rand vun der Stad Lëtzebuerg. Duerch den Houwald leeft d'route de Thionville , eng vun de wichtegsten historesche Strecken zu Lëtzebuerg, déi vu Lëtzebuerg bis an d'franséisch Stad Thionville (déi bis 1659 zu Lëtzebuerg gehéiert huet) geet. Fir grenziwwerschreidend Reesen ass se awer zanterhier duerch d'Autobunn A3 ersat ginn, déi déi selwecht zwou Uertschaften iwwer Beetebuerg an Diddeleng matenee verbënnt, an där hiren nërdlechen Terminus westlech vun der Stad ass, op der anerer Säit vun der Eisebunnslinn.

Zënter den 1960er Joren huet d’Schafung vun zwou Entwécklungszonen, op béide Säitenvun der route de Thionville gemaach, dass den Houwald sech staark entwéckelt huet, sou datt en haut déi gréissten Uertschaft vun der Gemeng Hesper ass.

Zuelen

Geschicht vun der Uertschaft

 Déi véier Sektioune vun eiser Gemeng - Alzeng, Fenteng, Hesper an Izeg - hu jiddereng hir Lokalgeschicht, déi wäit an d’Vergaangenheet zréckgeet,  mee den  Houwald huet sengersäits nëmmen eng ganz rezent Vergaangenheet. Souguer eng ongekläerten demographesch Explosioun - loosst eis drun erënneren datt d'Bevëlkerung vum Houwald vun 21 Awunner 1885 op 4.148 Awunner honnert Joer méi spéit geklommen ass - ännert näischt un dësem Zoustand.

Den Houwald, deen an e puer Joer esou eng grouss Entwécklung gemaach huet, grenzt op där enger Säit un de Boulevard de Contournement an op där anerer Säit un d’”pénétrante Sud”.

Am Ufank vum neie Jordausend ass et an der Rue du Couvent wou sech déi wichtegst Changementer vollzunn hunn. D'Gesiicht vun dësem Quartier gëtt künfteg duerch de CIPA (Centre intégré pour personnes âgées) geprägt. Ausserdem goufen op dësem deelweis réaménagéierten Territoire nei Lotissementer gebaut.