Izeg

D'Uertschaft Izeg läit am Weste vun der Gemeng Hesper. D'Uertschaft besteet aus zwee Deeler, engersäits Izeg-Duerf, deen  sech duerch säin Zentrum mat dem Klouschter vun de Franziskanerinnen a senger Kierch ervirdeet, an anersäits de "Plateau Saint-Hubert", deen ab 1964 realiséiert ginn ass souwéi och d’Cité "Simminger", déi 1969 an d’Liewe geruff ginn ass. Dëst huet mat sech bruecht, dass d’Zuel vun den Awunner staark an d’Luucht gaang ass.   

Um Plateau läit och de Stade Albert Kongs vum Fussballveräin "FC Blo-Wäiss Izeg".

Zuelen

Geschicht vun der Uertschaft

Dat eelst dokumentéiert Ernimmen vum Site vun der aktueller Uertschaft Izeg geet op d’gallo-frankesch Ära zréck. D' "Villa Epuego” war am Besëtz vun enger räicher fränkescher Fra mam Numm Madalgarda. 780/781 huet si hirem Jong Audradus hir “Villa Eptiaco” ginn, déi hien dunn der Abtei St.Willibrord zu Iechternach geschenkt huet. Am Joer 903 huet de Jungericus och seng Propriétéiten un Iechternach verschenkt. De Spriecher vum Poopst Alexander II aus dem Joer 1069 erzielt eis, datt d'Par an d'Kierch Ezich zu der Iechternacher Abtei gehéieren. Bis 1795 huet den Zéngtel vun Izeg zu Iechternach gehéiert an den Abbé vun Iechternach hat de Privileg , d'Paschtéier aus der Por ze nennen. Am Laf vun  de d'Joerhonnerte gouf Izeg vu verschiddene Katastrophe verwüüst. D'Pescht huet 1626 zwee Drëttel vun der Bevëlkerung d’Liewe kascht. 1866 huet d'Cholera bannent zwee Méint 72 Affer gefuerdert an de 15. Abrëll 1878 huet e gewaltsaamt Feier en Drëttel vun ongeféier 100 Haiser zerstéiert.