Schoulservice

Plaatz Administratioun

Schoulservice

474,​ route de Thionville
L-5886 Hesper

De Schoulservice ass zoustänneg fir d’ Schoulorganisatioun vun de Grondschoulklassen vum Cycle 1 bis 4.

+- 1100 élèves

6 bâtiments scolaires

Organisatioun

De Schoulservice ass zoustänneg fir d’Relatiounen tëscht den Enseignanten, der Gemeng, den Elteren an den Autorités Supérieures. Hie stellt de Schoulbudget op sou wéi och  de Plan d’Encadrement Périscolaire a geréiert d’Schoulorganisatioun, wéi zum Beispill d’Schoulaschreiwungen, d’Schoulfichieren ...asw.

D’Frequentatioun vun de Grondschoulklassen ass gratis fir Kanner aus der Gemeng Hesper. Schoulgeld gëtt fir Kanner opgehuewen, deenen hir Elteren oder Erzéiungsberechtegt net um Territoire vun der Gemeng wunnen. Hir Umeldung muss awer vum Schäfferot acceptéiert ginn, an dat opgrond vun enger motivéierter Demande, déi virum 1. Mee gemaach muss ginn.

D’Précoce Klasse sinn net obligatoresch.  D’Aschreiwung fir den Enseignement Précoce riicht sech nëmmen un déi Kanner, déi um Territoire vun der Gemeng wunnen. Dëse Service ass gratis.

Schoulkommissioun

Op Gemengenniveau gëtt d’Partnerschaft tëscht Schoulautoritéiten, Schoulpersonal an Eltere vun de Schüler duerch d’Commission Scolaire ausgeüübt, déi e Berodungsorgan vum Gemengerot ass.

De Schoulservice stellt och de Certificat de Fréquentation Scolaire aus, deen all Bierger op Ufro kritt, deen an d’Cyclen 1-4 (Spillschoul a Primärschoul) an enger vun den Uertschafte vun der Gemeng Hesper an d’Schoul gaang ass. Fir d’Recherchen z'erliichteren, bréngt wgl. Är Zensur mat.

Erwuessenecoursen

De Schoulservice këmmert sech och ëm d’Cours d’art à l’école an ëm d’Erwuessenecoursen.


Folgend Coursen sinn ausgebucht:
- Lëtzebuergesch-Cours, 1. Joer (A1) – CODE : LA-LB-55
- Lëtzebuergesch-Cours, 1. Joer (A1) – CODE : LA-LB-56
- Lëtzebuergesch-Cours, 2. Joer (A2) – CODE : LA-LB-57

- Cours de poterie vu Méindes
- Cours de poterie vun Donneschdes
- Cours d’expression artistique 1
- Cours d’expression artistique 2

 

 

Inscriptions Rentrée scolaire 2024/2025 - Cycle 1

-------------------------

Inscriptions Rentrée scolaire 2024/2025 - Cycle 1 Précoce

Nos contacts

Michel DONVEN
Service scolaire
Chantal BERNARD
Secrétariat CE / Service scolaire
Daniela ANDERLINI
Service scolaire
Martine WAGNER
Secrétariat CE / Service scolaire
Marie-Paule MULLER
Service Scolaire