Pass ufroen oder erneieren
De Pass ass en Identifikatiounsdokument fir ze reesen.
En ass obligatoresch fir Länner, déi et verlaangen (Länner, ausserhalb vum Europäesche Wirtschaftsraum).
La demande peut être faite au bureau de la population ou au bureau des passeports, visas et légalisations (BPVL).
Dir braucht folgend Dokumenter:
- en Titre d’Identité;
- den ale Pass (wann en existéiert), oder, wann e verluer oder geklaut ginn ass, d'Deklaratioun vun der Police;
- d’Quittung (Original oder Kopie), dass d’Tax bezuelt ginn ass;
- eventuell d'Foto vun engem professionelle Fotograf konform zu den Normë vun der “organisation de l’aviation civile internationale (OACI)”.
D' Liwwerzäiten fir e Pass sinn:
- 7 Aarbechtsdeeg no dem Areeche vun der Demande fir déi sougenannt klassesch Prozedur;
- 3 Aarbechtsdeeg fir d'Drénglechkeetsprozedur.
Bezuele kann ee folgendermoossen:
- online iwwer MyGuichet.lu;
- direkt mat Kreditkaart um Passbüro (Stad Lëtzebuerg);
- duerch Bezuelung oder Iwwerweisung op de Lëtzebuerger Postscheckkonto IBAN LU 46 1111 1298 0014 0000 (CCPLLULL).
De Betrag deen ze bezuelen ass:
- Fir 5 Joer :
- 50 Euro am Fall vun enger sougenannter klassescher Prozedur;
- 150 Euro am Fall vun enger sougenanntener Drénglechkeetsprozedur.
- Fir 2 Joer (nëmme fir Kanner ënner 4 Joer):
- 30 Euro am Fall vun enger sougenannter klassescher Prozedur;
- 90 Euro am Fall vun enger sougenannter Drénglechkeetsprozedur.
