Rotschléi fir Waasser ze spueren

Dat vun de Gäertner vun der Gemeng Hesper benotzten Waasser fir d'Planzen ze netzen stamt ausnahmslos vun Net-Drénkwaasserquellen.

 

Wéi de Waasserverbrauch réduzéieren ?

Mat Hëllef vun e puer Tipps léisst sech den deegleche Waasserverbrauch bis zu 50% reduzéieren.

 

Am Buedzëmmer

  • Eng ekonemesch Toilette benotzen, déi nëmmen 6 resp. 3 Liter Waasser verbraucht
  • Sech duschen (30 – 50 Liter) amplaz an d’Buedbidden ze goen (140 – 160 Liter)
  • Den « ekonomesche » Knäppchen vun der Toilette benotzen.
  • Während dem Aseefen d’Waaser zoudréinen – E Becher beim Zännbotzen benotzen.
  • En Duerchflussregler installéieren: De Waaserduerchfloss ass op eng bestëmmte Maximal-Quntitéit beschränkt.
  • De Krunn während dem Zänn- oder Hännwäschen zoudréinen a wann der Iech raséiert.
  • Net ze lang waarden fir Waasserfuiten ze flécken. D’Waasser dat dobäi ausleeft, kascht Iech bis zu 100.000 Liter pro Joer!

Am Gaart

  • E Bac fir d’Reewaasser opzefänken
  • Nëmmen netzen wann et wierklech néideg ass
  • Net de réelle Verbrauch vun de Planzen iwwerschätzen
  • Netzt d’Planzen, net d’Betongsplakken
  • Netzt d’Planzen, wann d’Temperaturen méi niddreg sinn, d.h. Owes a net während dem Dag
  • Op d’Netzen vum Wues verzichten

Am Garage

  • Den Auto net ze oft wäschen
  • Fir den Auto ze wäschen, d’Waasser an en Eemer maachen a net mam Schlauch wäschen
  • De Car Wash notzen – dëst Waasser gëtt e puermol geholl an dat gebrauchte Waasser gëtt do no den ekologesche Regelen traitéiert.

An der Kichen

  • D’Uebst an d’Geméis net ënnert dem lafende Krunn botzen. Éischter eng Schossel huelen a no dem Botzen d’Waasser fir d’Netze vun de Blummen notzen.
  • Eng Marite benotzen, mat däer Dir d’Geméis an d’Gromperen mat wéineg Waasser an Energie préparéiere kënnt. Positiv Niewewierkung : D’Nährstoffer an de Liewensmëttelen bleiwen a gréisserem Ëmfang erhalen.
  • D’Gedrénks net ënnert dem lafendem Krunn killen, mee an de Frigo stellen.

Wäschmaschinn a Spullmaschinn

  • D’Maschinnen nëmmen umaachen, wann se voll sinn.
  • Virdrun ofspullen ass net néideg
  • Desöfteren geet den ekonomesche Programm (50°/55° C Waassertemperatur) duer fir d’Geschier uerdentlech ze spullen.
  • Keng Virwäsch fir normal, manner knaschteg Wäsch
  • Eng nei Wäschmaschinn hafen. Déi eeler Modeller hunn e Waasserverbrauch vu 60 Litre oder méi, géint iwwer vu 40 Liter oder manner bei deene méi rezente Modeller.
  • Eng nei Spullmaschinn kafen. Déi eeler Modeller hunn e Waasserverbrauch vu 15 Liter oder méi. Géint iwwer 12 Liter oder manner bei deene méi rezente Modeller.

E puer allgemeng Hiweiser

  • Direkt déi Krunnen flécken, déi drëpsen. Futtis Krunnen loossen Iech bis zu 800 Liter Waasser am Joer verléieren.
  • E Loftmixer installéieren: d’Waasser vermëscht sech mat Loft, den Duerchfloss bleift dee selwechten, mee déi effetkiv Waasserquantitéit ass manner.
  • Mitigeuren installéieren, déi d’Waasser automatesch op déi gewënschten Temperatur bréngen an et direkt zur Verfügung stellen. D’Waasser däerf eréischt lafen, wann déi richteg Temperatur erreecht ass.