Campagne LEO
------------------------------------------------------------
D’Iessgewunnechte vun de Kanner ginn duerch vill Facteure beaflosst, dofir ass et nach méi wichteg, hinnen gesond a respektvoll Iessgewunnechten mat op de Wee ze ginn, ouni dobäi d’Freed an de Genoss ze vergiessen, déi domat verbonne sinn.
Zesumme mat eise Partneren huet de Service Enfants et Jeunes vun der Gemeng Hesper decidéiert, dës Erausfuerderung mat folgendem Plang unzegoen:
- E staarken Alliéierten: Leo, den neien Ambassadeur fir eng gesond an equilibréiert Ernärung. Mat der Maskottchen Léo entdecken d’Kanner d’Iessen an déi verschidden Aarte vu Preparatioun.
- E laangjärege Partner un eiser Säit, dee mat sengem ausgebilten Kichepersonal a sengem Ernärungsberoder op Kannerrestauratioun spezialiséiert ass. Zesumme leeë mir de Fokus op lokal, saisonal, regional a biologesch Produiten.
- E flott a léierräicht Programm mat spillereschen an edukative Aktivitéiten.
Alles huet mat engem Animatiounsfilm ugefaangen, an deem de Léo zesumme mat de Kanner eng gesond, responsabel an nohalteg Ernärung entdeckt.
Den 6. Abrëll 2022 huet déi éischt Animatioun mat Leo a Fairtrade Luxembourg an der MR Heesprénger stattfonnt. Bei där Geleeënheet war och d’“Fairtrade-Flam” zu Hesper ze Besuch.