Chèque-service

Plaatz Administratioun

[Translate to Lëtzebuergesch:] Bureau Chèque service - Bureau E17/19

474,​ route de Thionville
L-5886 Hesper

Mam “Chèque Service d'Accueil” (CSA) kënnen d'Eltere vu reduzéierte Präisser an de Crèchen, Maisons-relaisen, Mini-Crèchen, Foyeren a bei Elterenhëllef profitéieren, virausgesat awer, datt d’Structure d’Accueil als Prestataire Chèque Service  vum Ministère de l'Education nationale unerkannt gëtt.

Dës Struktur muss virun allem Qualitéitsufuerderungen entspriechen an d’Missioun als Service Public erfëllen, deen all Kanner Chancegläichheet garantéiert mam ultimativen Zil vun enger sozialer Kohäsioun. De Staat fërdert esou d’Integratioun vun de Kanner op lokalem Plang a mécht d’Scolarisatioun an der Grondschoul méi einfach.

De Betrag vun der Staatsparticipatioun (Betrag vun der CSA) an de Betrag vun der finanzieller Participatioun vun den Eltere gi vu Fall zu Fall berechent, ënner Beuechtung:

  • Vum Akommes vum Stot an deem d'Kand lieft (bestuete Koppelen, zivil Partnerschaften oder Koppelen, déi  ënnert engem Daach zesumme liewen,  ginn op déi selwecht Manéier considéréiert);
  • vun der Zuel vun de Kanner, déi Familljegeld am Stot kréien an de Rang vum Kand an der Famill;
  • vun dem  Typ vun der Structure d’Accueil (Accueil an enger kollektiver Struktur oder bei engem Elterenassistent);
  • vun der Zuel vun de Stonnen an der Structure d’Accueil;
  • vun de spezifesche Virdeeler dem Alter vum Kand no (20 Stonne gratis Betreiung fir Kanner vun 1 bis 4 Joer a enger kollektiver  Struktur).

De Betrag vun der CSA gëtt direkt un dee Service d’Accueil  iwwerwisen, deen als Prestataire Chèque Service unerkannt gëtt.

Betraffe Persounen

De “Chèque Service d'Accueil” (CSA) ass fir all Kand:

  • Dat zu Lëtzebuerg wunnt;
    oder
  • wou een Elterendeel oder de legale Vertrieder en Ugestallten an der Europäescher Unioun ass an zu Lëtzebuerg beschäftegt ass.

Viraussetzungen

Fir vum Chèque Service Accueil ze profitéieren, mussen d'Kanner:

  • manner al wéi 13 sinn;
    an / oder
  • an der Grondschoul sinn.

Praktesch Modalitéiten

Fir vun de Virdeeler vum Chèque Service Accueil ze profitéieren, mussen d'Elteren an hir Gemeng   goen, wou si wunnen (an net an der Gemeng wou d'Opfaangstruktur ass).

Beim Bäitrëtt kréien d'Elteren en “contrat d’adhésion”, wou d’ Stonnebeträg festgehale ginn, déi se bezuele mussen. Am “contrat d’adhésion” stinn:

  • D’CSA Tariffer fir d'Kand;
  • déi finanziell Participatioun vun Eltere pro Haaptmoolzecht;
  • d’Durée vun der Adésioun an d'Start- an Ofschlossdatumer.

Beim éischte Baïtrëtt, vun all Kand  bei der  CSA  gëtt eng personaliséiert 'Mycard' Memberskaart vum Ministère de l’Education Nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse geschéckt, déi Zougang zu enger Rei vu Servicer bitt.

Daten, déi matgedeelt musse ginn

Fir vun der CSA ze profitéieren, muss den Elterendeel déi folgend obligatoresch Donnéeën uginn:

  • Numm a Virnumm vum Kand;
  • d'national Identifikatiounsnummer  vum Kand ;
  • de Virnumm an de Familljennumm an d'national Identifikatiounsnummer vum legale Vertrieder;
  • d'national Identifikatiounsnummer vum Partner vum legale Vertrieder am Fall vun engem gemëschte Stot;
  • d'Adress vum Kand;
  • d'Adress vum Demandeur;
  • d'Rechnungsadress fir d’Prestatiounen;
  • déi gewielte Kommunikatiounssprooch (Däitsch, Franséisch, Lëtzebuergesch, Englesch oder Portugisesch);
  • fir vu staatlecher finanzieller Ënnerstëtzung ze profitéieren: d’Donnéeë  vum Akommes vum legale Vertrieder.

De Requérant autoriséiert de Gemengebeamten déi perséinlech Donnéeën ze konsultéieren, déi néideg sinn, fir seng “demande d’adhésion” ze traitéieren.

Gültegkeetsperiod

De “contrat d’adhésion” ass valabel fir 12 Méint vun der Ënnerschrëft un a muss all Joer erneiert ginn ier de Kontrakt ofleeft. Ausnamsweis an aus motivéierte Grënn vun der Verwaltung kann d'Memberschaft vum Kandidat op 3 Méint limitéiert ginn. D'Eltere si verantwortlech fir eng Erneierung vun hirer Adhesioun  virum Oflafe vun dem Chèque.

Wann d'Kaart net erneiert gëtt, gëtt de Benefice vun der CSA net méi zougedeelt an déi ganz Käschte vun der Kannerbetreiung ginn da vun den Elteren iwwerholl.

Montant

Déi finanziell staatlech Participatioun ass op 60 Stonne pro Woch limitéiert an op 6 Euro/Stonn fir den Accueil vun engem Kand an engem Educatiouns- an Accueilsdéngscht,  a bei 3,75 Euro/Stonn fir den Accueil mat engem Elterendeel. All Iwwerschreide vun dëse Plafongen ass zu Laaschte vun den Elteren.

D'Eltere kënne vun enger finanzieller Reduktioun am Kader vum Chèque Service Accueil profitéieren, wa se hiert Haushaltsakommes matdeelen.

De “contrat d’adhésion” leet de Wäert vum CSA fest, deen d’Eltere bezuele mussen, an dee berechent gëtt op der Basis vum Barème vun der Participatioun vun den Elteren.

Koppelen,  déi bestuet  oder gepacst sinn oder zesumme wunnen, gi gläichgestallt  consideréiert.

De legale Vertrieder muss all déi rezent Dokumenter produzéieren, déi néideg si fir déi aktuell Akommessituatioun vu sengem Stot festzeleeën:

  • eng Kopie vun der leschter Steiererklärung oder dem Akommeszertifikat  vun der Steierverwaltung;
  • all Beweis, deen d'Akommessituatioun vum Stot feststellt (e rezente Joreszertifikat vu Pai, Pensioun, Chômage oder en Akommeszertifikat ausgestallt vum CCSS, wann d'Akommes vum Declarant net besteierbar ass);
  • fir Net-Residenten, d’Dokumenter vun den zoustännegen Autoritéite fir Membere vum Stot, déi zu Lëtzebuerg net besteierbar sinn;
    oder
  • feelen dës, all aner Dokumenter, déi en aktuellt Akommes dokumentéieren.

Wann den Deklarant keent vun deenen Dokumenter virweise kann, gëtt all anert Dokument vum Patron,  wat de Revenu ubelaangt, zertifizéiert.

Den Agent kann zousätzlech Dokumenter, déi d’Akommes dokumentéieren, nofroen.

Wann d'Eltere keng Donnéeën iwwer hiert Akommes wëlle matdeelen, ginn déi Montanten ugewant, déi an der leschter Kategorie vun der Elterebedeelegungsskala "ouni Akommesindikatioun" virgesinn sinn.

Itinéraire
Dokumenter

Formulaire CSA 2024

230 KB 16.01.2024

Dépliant en support d'information sur les nouvelles mesures de gratuité (LU/FR)

216 KB 26.07.2022
Kontakt
[Translate to Lëtzebuergesch:] Bureau Chèque service - Bureau E17/19
474,​ route de Thionville
L-5886 Hesper