De séchere Schoulwee

De séchere Schoulwee

An eise Wunnquartiere sinn iwwer déi lescht Joren iwwerall Tempo 30 Zonen agefouert ginn an et goufe verschidde Mesuren ëmgesat fir den Duerchgangsverkéier esou gutt wéi méiglech z’ënnerbannen. 

Dës Mesuren erlaben et haut fir de séchere Schoulwee an dëse Quartieren nei anzeféieren. Op virgezeechente Plazen si sougenannte „Points de rassemblement” virgesinn, déi de Kanner als Unhaltspunkten dénge sollen. Dës Plazen erkennt een einfach un engem grousse roude Bläistëft deen do steet. Vun hei aus ass de séchere Schoulwee gekennzeechent. Zu dësem Zweck gouf en neie Logo de „Schläichi“ entwéckelt a soll duerch d’Opdroen um Trottoir de Wee fir d’Schüler markéieren. Vun dëse „Points de Rassemblement” kënnen d’Kanner sécher eleng an d’Schoul goen, well si mussen net laanscht eng Haaptverkéiersstrooss goen. 

D’Zil vun all dëse Mesuren ass et fir d’Kanner (an och d’Elteren) dozou ze motivéiere fir zu Fouss oder och mam Vëlo an d’Schoul ze goen respektiv ze fueren. Nieft dem kloeren gesondheetleche Virdeel, soll duerch dës Mesuren zousätzlech d’Unzuel vun den Autoen am Beräich vun de Schoulen an der Gemeng reduzéiert ginn.