Ramassage scolaire

E  Surveillant begleet d'Kanner op den alldeeglechen Trajete vum Schoulbus a suergt derfir, datt den Transport gutt leeft.

De Surveillant suergt derfir, datt d'Kanner wärend dem Trajet sëtze bleiwen, an hien intervenéiert wann néideg.

D’Gemengeverwaltung behält sech d’Recht fir déi Schüler temporär auszeschléissen, deenen hiert Verhalen net ubruecht ass. D’Eltere kréien dat schrëftlech matgedeelt.

Appell un d’Elteren

Mir fuerderen d'Zesummenaarbecht vun all den Eltere fir d'Sécherheet vun de Kanner um Schoulwee, wéi och virun de Schoulgebaier, ze garantéieren.

Mir fuerderen all Eltere vun de Schüler op, hir Kanner sou wéineg wéi méiglech mam Privatauto an d'Schoul ze bréngen.

Wann d'Elteren awer aus iergend engem Grond hir Kanner an d'Schoul féiere mussen, maache mir en Appell  un si, fir net op de Schoulbushaltestelle stoen ze bleiwen a fir hiren Auto op autoriséierte Parkplazen ze parken.