Eng Gebuert déklaréieren
De Papp oder e Familljemember muss bannent 5 Deeg no der Gebuert an de Service „état civil“ an der Gemeng goen, wou d'Kand gebuer gouf.
Vergiesst net folgend Dokumenter matzebréngen:
- den Zertifikat vum Dokter;
- d‘Familljebuch (wann zoutreffend);
- d‘Identitéitsdokument vum Elterendeel, deen d’Gebuert deklaréiert (carte d‘identité oder Pass);
- den „acte de mariage » (wann zoutreffend).