Congé parental
De “congé parental” soll d’Conciliatioun tëschent Familljeliewen a Beruffsliewe favoriséieren. E gouf 2016 reforméiert, fir datt d'Elteren tëschent flexibele Congésmodeller kënne wielen, déi un hir berufflech Situatioun ugepasst sinn, wärend se vun engem Ersatzakommes profitéieren.
Verschidde Modeller vum Congé parental stinn Iech zur Verfügung, ofhängeg vun der Unzuel u Stonnen, déi op Ärem Aarbechtskontrakt steet, dee Moment wou Dir Äre Patron iwwert de Congé parental informéiert.
Dir schafft 40 Stonnen d'Woch. Dir kënnt aus de folgende Modeller wielen:
- E Vollzäitcongé vu 4 oder 6 Méint;
- en Deelzäitcongé vun 8 oder 12 Méint;
- en “fractionnéierten” Congé vu 4 Méint fir maximal 20 Méint;
- en “fractionnéierten” Congé vun engem Dag pro Woch fir maximal 20 Méint.
Attention :
Si votre contrat de travail à plein-temps subit une modification entre la date de la notification et le début du congé parental, votre droit sera à nouveau analysé. Pour cela, vous devrez nous faire parvenir une nouvelle demande. Vous êtes donc priés de nous faire part dans les plus brefs délais de toute modification de votre contrat.
Dir schafft 20 Stonnen oder méi pro Woch. Dir kënnt aus de folgende Modeller wielen:
- E Vollzäitcongé vu 4 oder 6 Méint;
- en Deelzäitcongé vun 8 oder 12 Méint.
Attention:
pour pouvoir prétendre au congé fractionné, il suffit de travailler à plein temps au moment de la notification de la demande à votre employeur. Néanmoins pour le calcul du revenu, la moyenne des 12 mois précédant le congé parental est prise en compte.
Dir schafft 10 Stonnen oder méi pro Woch. Dir kënnt nëmmen de folgende Modell ufroen:
- e Vollzäitcongé vu 4 oder 6 Méint.