Um Camping logéieren

Plaatz Loisir

Camping - Bon Accueil

2, rue du camping
L-5815 Alzingen

D’Gemeng Hesper, bekannt fir säin ländleche Flair, huet vill Virzich. De Camping ass entouréiert vum 11 ha groussen Park, deen déi 3 Lokalitéiten vun Alzeng, Fenteng an Hesper mat flotte Spazéierweeër verbënnt. An der Mëtt befënnt sech e schéine Weier mat zahlräichen Attraktiounen wéi den Hesper Beach Club, de Kiopa mat senger Fräiloftbühn wou am Summer vill flott Concerten organiséiert ginn, donierft ginn et och vill Sportinfrastrukturen wéi z.B. e Beach Volley-Terrain, e Pétanques-Terrain mee och Fitnessgeräter an e Basketsterrain.

Hesper ass wéinst der relativ gutt erhale Ruin vun hierer Festung bekannt, déi zanter 1984 op der Lëscht vun den « immeubles et objets classés monuments nationaux » steet. D’Buerg gouf wahrscheinlech am 13. Johrhonnert vun de Herrschaften de Rodemack gebaut.

Fir d’Haaptstad vu Lëtzebuerg ze besichen, hudd Der d’Méiglechkeet fir mam Vëlo iwwert d’Vëlospist laanscht d’Uelzecht, matzen an der Natur, déi laanscht « d’Gantenbeinsmillen » an « d’Schläifmillen » bei d’Stad Lëtzebuerg, féiert, ze fueren.

E confortable Bus-Réseau steet Iech ebenfalls zur Verfügung. D’Uewerstad ass derwäert fir besicht ze ginn, mat sengen Attraktiounen wéi de Palais grand-ducal oder och d’Place d’Armes. D’Haaptstad bitt nierft ville Shopping-Méiglechkeeten och eng Rei Muséen.

D’Gastronomie an der Gemeng Hesper ass och ganz villfälteg. Dir hutt de Choix un enger Villzuel vu gudden internationale Restauranten fir Iech ze verwinnen.

Mir wënschen Iech en agréablen Openthalt während ärem Passage oder Besuch um Camping zu Alzeng.

Itinéraire
Kontakt
Camping - Bon Accueil
2, rue du camping
L-5815 Alzingen