30er Zone

D'Vitesse-Limitatioun op 30 km/h an de Quartieren favoriséiert de Mix tëschent de Vëlosfuer, Automobilisten an dem ëffentlechen Transport.

 

Bénéfice vun der Zone 30

  1. D'Aféierung vun der Zone 30 bedeit méi Sécherheet fir all d'Benotzer, méi Convivialitéit a manner Verkéier, also manner Kaméidi a manner Ëmweltverschmotzung - alles am Intérêt fir eng besser Liewensqualitéit fir d'Awunner vum Qaurtier.
  2. D'Ariichtung ass sou ugeluecht, datt se e friddlecht Zesummeliewen vun alle Benötzer förderen.
  3. D'Zone 30 kann och als Vëlosverkéiersanlag déngen, wat vun de Cyclisten ganz appréciéiert gëtt, well de Vitessen-Ënnerscheed tëscht de motoriséierte Gefierer an de Vëlo'en ganz geréng ass.
  4. D'Siichtbarkeet an de géigesätzege Respekt si besser.
  5. Fir de Schoulwee fir d'Kanner méi sécher ze maachen, ass e klenge Schleeck mam Numm "Schläichi" op de Buedem gemolt fir dee beschte Wee fir an d'Schoul ze weisen an duerch seng Faarwen op geféierlech Plazen opmierksam ze maachen, wou d'Schoulkanner besonnech op hiert Verhalen am Verkéier oppasse sollten.