ADAPTO Service

Den Transport op Demande fir Leit mat "mobilité réduite".

ADAPTO, wat ass dat?

Den Adapto-Service ass e spezialiséierten Transport, dee wéi een individualiséierten ëffentlechenTransport fir Matbierger mat engem Handicap oder enger physecher, mentaler, sensoresch oder psyschecher Beanträchtegung fonktionnéiert, wann dësen Handicap zu enger staark ageschränkter Mobilitéit féiert.
Et handelt sech ëm en occasionnellen Transport op Demande, vun "Trottoir zu Trottoir", a fonktionnéiert op Commande. De Client gëtt bei sech doheem ofgeholl.

 

Bénéficiairen – Conditiounen fir d’Admissioun vum Service

Fir vum Service ze profitéieren, muss een:

  • eng permant schwéier motoresch Behënnerung hunn,
  • blann sinn oder ganz schlecht gesinn,
  • e cognitiven oder neurologeschen Behënnerung hunn,
  • un enger schwéierer fortschreitender Krankheet leiden,
  • a wann engem seng Behënnerung et net erméiglecht, den ëffentlechen Transport ze benotzen oder selwer mam Auto ze fueren.

De Service Adapto kann vu jidfer Persoun an Usproch geholl ginn, déi hiere Wunnsëtz um Territoire vum Grand-Duché vu Lëtzebuerg huet an déi uewe genannten Viraussetzungen erfëllt.
Kanner ginn ab engem Alter vun 12 Joer un transportéiert.

Fonktionnement

  • De Bénéficiaire ass autoriséiert fir sech vun max. enger Begleedpesoun begleeden ze loossen, zum fräie Choix vum Bénéficiaire.  Déi Persoun muss während dem Transport dee ganzen Trajet mat zréckleeën.
  • Wann op der Adapto-Kaart dropsteet, datt dës Persoun begleet muss ginn, soll d'Begleedpersoun an der Lag sinn, de Bénéficiaire och passend z'ênnerstëtzen.

Adapto-Kaart

Erfëllt den Demander d'Conditiounen, gëtt eng Kaart ausgestellt, an däer d'Nummer an den Oflafdatum vun der Kaart wéi och de Virnumm, Numm a Gebuertsdatum vum Détenteur ugi sinn. Dës Kaart gëtt dem Demandeur per Post zougestallt. Si ass strict perséinlech.

Horairen

Sonndes (a Feierdeeg) bis Donneschdes vu 07h00 bis 22h00;
Freides a Samsdes vu 07h00 bis 24h00;
24. Dezember vu 07h00 bis 20h00.

Réservatiounen

Et ass méiglech fir en Trajet bis den Dag virdrun 19 Auer ze réservéieren.

D'Réservatiounen kënnen iwwert eng eenzeg Platform gemaach ginn. Dir kënnt réservéieren:

  • iwwer Telefon an der Réservatiouns-Zentral (Centrale de Mobilité) : 2465-2465;
  • iwwert eng mobile App "ADAPTO" disponibel op Googleplay an Appstore;
  • iwwer Online-Réservatioun