CHARGY zu Hesper!
D'Chargy-Bornen si lo just um Territoire vun der Gemeng opgetaucht - d'Dieren zur Elektromobilitéit ginn also op fir Iech. Am Joer 2020 huet de Chargy-Réseau 800 ëffentlech Bornen gezielt, d.h. 1.600 Luedestatiounen fir Elektro-Autoen an Hybrid Plug-In Autoen zu Lëtzebuerg ëmfaassen.
  
Die wëllt Client ginn a vum Chargy-Réseau profitéieren ?
Näischt méi einfach wéi dat: Fir Ären elektreschen oder Plug-In Hybrid - Auto op de Chargy-Bornen opzelueden, musst Dir e Contract mat engem "fournisseur de service de charge" zu Lëtzebuerg ofschléissen.
BLUEenergy.lu / Blue Corner / Edissertio / Eida S.A. / Electris / Enovos Luxembourg S.A. / PlugSurfing GmbH / Pluxx Holding S.A. / Sudstroum
L’accès aux bornes Chargy se fait simplement via la mKaart du Verkéiersverbond qui vous sera remise par votre fournisseur de service de charge. Si vous êtes déjà en possession d’une mKaart, votre fournisseur de service de charge vous rajoutera le produit Chargy directement sur celle-ci.
Profitéiert vun der Platform MyChargy
Äre Contract gëtt Iech och Zougang zu der Plateform MyChargy déi folgende Fonctionalitéiten proposéiert:
- interaktiv Kaart vum Réseau mat alle Bornen mat Status-Indicatioun (fräi, besat, hors service) ;
 - Online-Réservatioun vun enger Borne de charge (max. 2 gläichzäiteg Réservationen) ;
 - Berechnung vum Trajet a Navigatioun bei déi ausgewielte Borne ;
 - Benoorichtegung wann äert Gefier opgelueden ass ;
 - Consultatioun vun ärem elektresche Verbrauch ;
 - Eroflueden vun alle nëtzlechen Informatiounen fir d'Gestioun.